Invité vun der Redaktioun (22. Oktober)Martine Deprez, Gesondheets- a Sozialministesch

Annick Goerens
En Donneschdeg de Moien ass ënner anerem d'Suite vun der Quadripartite Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

No der Quadripartite steet eng Hausse vun de Cotisatioune fir d'Gesondheetskeess am Raum. Ënner anerem doriwwer schwätze mer en Donneschdeg de Moi' mat der Gesondheets- a Sozialministesch. Wéi wëll d’Regierung d'CNS dauerhaft ofsécheren an de Sträit mat den Doktere léisen? Dat froe mer eis Invité vun der Redaktioun. D'Ministesch Martine Deprez ass kuerz no 8 Auer live bei eis am Studio.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO