Nodeems en Dënschdegowend déi éischt néng Matcher vum drëtte Spilldag an der Champions League gespillt goufen, stoung e Mëttwochowend d'Suite um Programm. Bayern spillt 2:2 géint Arsenal, ManUnited enttäuscht eng weider Kéier a Betis Sevilla bleift weiderhin ouni Punktverloscht.
Bayern München - Arsenal 2:2
0:1 Eze (25'), 1:1 Davies (35'), 2:1 Kane (61'), 2:2 Rice (82')
Am Spëtzematch huet Bayern 2:2 géint Arsenal gespillt. No enger zéier Ufanksphas hunn d'Spectateuren an der Allianz Arena laang op déi éischt gutt Chance waarde missen. Dës huet de Serge Gnabry allerdéngs leie gelooss. Batter fir Arsenal: De Bukayo Saka huet sech fréi blesséiert a misst no zéng Minutten duerch den Eberechi Eze ersat ginn. Genau dee Mann huet eng Véierelstonn no senger Awiesselung fir den 1:0 fir d'Gäscht gesuergt, wéi hien no engem laange Ball fräi virum Manuel Neuer souverän bliwwen ass. Zéng Minutten drop sinn d'Bayern mat hirer zweeter gudder Chance zum Ausgläich komm, well den Alphonso Davies vu senger Vitesse an enger perfekter Virlag vum Harry Kane profitéiert huet. Mat engem 1:1 goufen d'Säite gewiesselt.
An den zweete 45 Minutte war Bayern däitlech besser am Match a konnt och no enger Stonn duerch ee sécheren Eelefmeter vum Harry Kane déi éischte Kéier a Féierung goen. Doropshin huet Arsenal nees besser an de Match fonnt a konnt ëmmer méi Drock opbauen, bis den Declan Rice no engem flotten Ugrëff fir den um Enn gerechten 2:2 gesuergt huet. An de leschte Minutten hätt de Match kéinten op béid Säite kippen.
Lille – Galatasaray 2:4
0:1 Akgün (2'), 1:1 Diaoune (7'), 2:1 Diaoune (39'), 2:2 Batrakov (44'), 2:3 Torreira (52'), 2:4 Osimhen (61')
Como – Manchester United 4:1
1:0 Paz (2'), 2:0 Douvikas (49'), 3:0 Paz (57'), 4:0 Ramon (76'), 4:1 Zirkzee (90'+1)
Galatasaray sammelt no engem staarken Optrëtt zu Lille déi éischt dräi Punkten an der Champions League. Schonn no zwou Minutten huet de Yunus Akgün d'Gäscht déi éischte Kéier a Féierung bruecht. Duerch een Doublé vum 19 Joer ale Soriba Diaoune konnt Lille de Match allerdéngs dréinen, éier Gala kuerz virum Säitewiessel och nach eng zweete Kéier zouschloe konnt. An der zweeter Hallschent haten d'Gäscht vun Istanbul de Match voll am Grëff, hunn nach zwee Mol getraff a sech um Enn verdéngt mat 4:2 duerchgesat. Lille waart domat nach ëmmer op deen éischte Punkt an dëser Campagne.
Manchester United ass zu Como bei der 1:4-Néierlag zolidd ënnert d'Rieder komm. Fir d'Italieener ass et dogéint déi zweete 4:1-Victoire am zweeten Heemmatch an der Champions League. Genau wéi géint Leipzig virun engem Mount huet d'Ekipp vum Trainer Cesc Fabregas och géint ManUnited näischt ubrenne gelooss. Beschte Mann um Terrain war den Nico Paz, deen zwee Goler an eng Virlag bäigesteiert huet. Nodeems et an der Paus just 1:0 stoung, tëschenzäitlech dono allerdéngs 4:0, ass de Gäscht aus England ëmmerhin den Éieregol duerch de Joshua Zirkzee an der Nospillzäit gegléckt.
Real Madrid – Leipzig 4:1
1:0 Bernardo Silva (44'), 2:0 Arda Güler (52'), 3:0 Mbappé (83'), 3:1 Gomis (85'), 4:1 Diomande (87')
Inter – Schachtar Donezk 1:0
1:0 Augusto (77')
Real Madrid huet sech géint Leipzig déi drëtte Victoire am drëtte Match geséchert. An der éischter Hallschent kruten d'Spectateuren een ausgeglachene Match gebueden a konnte sech kuerz virun der Paus freeën, wéi de Bernardo Silva den 1:0 markéiert huet. Am zweeten Duerchgang huet de Real duerch Goler vum Arda Güler, vum Kylian Mbappé a vum fréiere Leipziger Yan Diomande de Match däitlech entscheed. Dem Tidiam Gomis säi Gol zum tëschenzäitlechen 3:1 huet fir keng Gefor gesuergt.
Inter Mailand huet et och am drëtte Match endlech gepackt, fir sech déi éischte Victoire an der Champions League ze sécheren. An engem Match ouni grouss Héichpunkter hu sech d'Nerazuzurri laang géint Schachtar Donezkt schwéier gedoen, éier de Carlos Augusto an der 77. Minutt den erléisenden 1:0 geschoss huet. Well den Alessandro Bastoni zéng Minutte virdrun vum Terrain geflunn ass, war den Zäitpunkt vum entscheedende Gol souguer iwwerraschend.
Sporting CP – LASK 2:3
1:0 Suarez (5'), 1:1 Lang (15'), 1:2 Kalajdzic (63'), 1:3 Danek (68'), 2:3 Suarez (89')
Aston Villa – Viking Stavanger 3:1
1:0 Barkley (23'), 2:0 Buendia (37'), 3:0 Heggheim (SG, 62'), 3:1 Christiansen (84')
Sporting verléiert iwwerraschend virum eegene Public 3:2 géint Linz. Zwar konnte si duerch ee fréien Eelefmeter vum Luis Suarez a Féierung goen, d'Éisträicher waren dovun awer wéineg beandrockt an hu schonn no enger Véierelstonn dono ausgeglach. Mat dësem 1:1 goufen d'Säiten zu Lissabon gewiesselt. Vun do un hunn d'Gäscht de Match no hire Wënsch gestalt a waren duerch zwee Goler bannent fënnef Minutte mat 3:1 vir. Linz huet et um Enn gepackt, fir dës Féierung iwwert d'Zäit ze bréngen, obwuel Sporting nach eng Kéier zum Uschloss komm ass, an huet domat och déi éischte Punken an der Champions League gesammelt.
Aston Villa huet géint Viking Stavanger, déi d'lescht Woch nach 3:3 géint Bayern gespillt hunn, souverän mat 3:0 gewonnen. Schonn an der Paus stoung et duerch ee Käpper vum Ross Barkley an een Eelefmeter vum Emiliano Buendia 2:0. Och nom Säitewiessel ass d'Lokalekipp sengem Plang trei bliwwen an huet den Norweger keng Chance gelooss. Den Eegegol vum Henrik Heggheim no enger gudder Stonn war sënnbildlech fir den Optrëtt vu Stavanger bis dohin. Ëmmerhin ass hinnen an der Schlussphas nach den Éieregol zum 1:3 aus hirer Siicht gegléckt.
Club Brugge – RC Lens 3:0
1:0 Vanaken (45'+3), 2:0 Seys (50'), 3:0 Forbs (72')
Real Betis – Feyenoord 1:0
1:0 Isco (59')
Brugge huet hir iwwerraschend Victoire vu leschter Woch zu Mailand confirméiert an och géint Lens gewonnen. An der éischter Hallschent hat Lens zwar déi besser Chancen, den Hans Vanaken huet awer no engem Corner an der Nospillzäit den 1:0 fir Brugge geschoss. Fënnef Minutten nom Säitewiessel huet de Joaquin Seys fir den 2:0 gesuergt an domat och fir kloer Verhältnesser, well sech am Uschloss gutt Konterméiglechkeete gebueden hunn. Eng dovun huet de Carlos Forbs ausgenotzt, fir op 3:0 ze stellen, wat um Enn och d'Resultat vum Match war.
Bëssen iwwerraschend huet sech Betis Sevilla no der drëtter Victoire am drëtte Match am Spëtzegrupp vun der Champions League festgebass. Eng Stonn hunn d'Heemfans géint Feyenoord misse waarden, éier se ee Gol feiere konnten. Den erfuerenen Isco huet vum Punkt d'Nerve behalen a seng Faarwen a Féierung bruecht. Vun den Hollänner ass keng wierklech Reaktioun komm, a sou konnt Betis dëse knappe Score vun 1:0 iwwert d'Zäit retten.
________________________________________________
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.