De Finn konnt sech no engem gudde Start virum Vettel an dem Weltmeeschter Hamilton duerchsetzen. Mercedes huet sech fréizäiteg d'Konstrukteur-WM geséchert.

Nodeems den Taifun Hagibis de Programm vun der Formel 1 zu Suzuka a Japan duercherneen gehäit hat an de Qualifying eréischt e Sonndeg de Moie virun der Course gefuer konnt ginn, huet de Valtteri Bottas d'Course gewonnen.

De Finn konnt sech mat sengem Mercedes virum Sebastian Vettel op Ferrari a sengem Marke-Kolleg Lewis Hamilton behaapten.

De Bottas hat sech direkt um Depart un d'Spëtzt vum Feld gesat. Déi zwee Ferrarien Sebastian Vettel a Charles Leclerc waren hei net gutt fort komm.

Duerch d'Punkte vum Bottas a vum Hamilton huet sech Mercedes 4 Coursse viru Schluss fréizäiteg de Konstrukteur-Titel geséchert. Et ass dee 6. noeneen.

Am WM-Klassement huet den Hamilton elo 338 Punkten, 64 virum Bottas, an 115 virum Ferrari-Pilot Charles Leclerc, deen no enger nodréiglecher Strof wéinst enger Kollisioun am Ufank vun der Course mam Max Verstappen no der Course nach vun der 6. op déi 7. Plaz zeréckgefall ass. De Vettel huet als 5., schonn e Retard vun 126 Punkten op den Hamilton. 4 Coursse bleiwe nach ze fueren. Déi nächst ass an zwou Wochen zu Mexiko. Hei kéint sech de Lewis Hamilton fréizäiteg den nächste WM-Titel sécheren.