
Laang a vill gouf driwwer diskutéiert, op ee wierklech um Kalenner festhale soll oder déi zwou lescht Courssen am Katar an zu Abu Dhabi net awer annuléiere soll. D'Formel 1 an déi lokal Organisateure sinn awer iwwerzeegt: alles ass sécher. Mee verschidden TV-Senderen (wéi Sky Däitschland, Canal+, Servus oder DAZN Spuenien) schécke keng oder manner Mataarbechter an de Katar. Och verschidden Ecurien hunn hire Mataarbechter de fräie Choix gelooss, doheem ze bleiwen. Mee d'Situatioun op der Plaz ass ugespaant. Eng déidlech Attack en Donneschdeg am Kuwait, ronn 600 Kilometer vum Circuit ewech, huet fir zousätzlech Nervositéit am Paddock gesuergt.

Trotzdeem probéiert jiddweree sech op de Sport ze konzentréieren. Lusail, ee Circuit, deen eigentlech fir Motorrieder gebaut gouf, ass virun allem fir d'Pneuen eng extrem Erausfuerderung. Dofir huet Pirelli decidéiert, dass jiddwer Pneu maximal nëmme 27 Ronnen benotzt däerf ginn. Den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl erkläert: “Et ännert net vill un der Saach, just dass et vu virera jiddwereen op een Zwee-Stopper setzt. Fir déi, déi besser op hir Pneuen oppasse kënnen, an déi eventuell en Ee-Stopper an d’A gefaasst hunn, ass déi Optioun vum Dësch. Normalerweis, wa jiddwereen am selwechten Dëppe sëtzt, huet ee besser, et mécht een dat selwecht wéi all déi aner, soss läit een nieft der Plack, wéi McLaren d’lescht Joer. Et hëlt einfach e bësse Variabilitéit an der Course eraus.”

Bei Ferrari hoffen se net nëmmen, dass se déi richteg Strategie treffen, mee och dass hir Pilote sech dës Kéier behuelen. Zu Las Vegas hat de Leclerc den Hamilton ëmgedréint, ee weideren Déifpunkt an dësem italieeneschen Drama, zu deem och dem Dominique Riefstahl net méi vill afält: “Tjo, wat kann een nach vill zu Ferrari soen? Op der enger Säit hues du ee siwefache Weltmeeschter, deen och bereet ass, ze soen ‘Ech hunn eng Connerie gemaach, dat war meng Schold, mea culpa’ an op der anerer Säit een net méi grad esou jonken, extrem talentéierten, mee bis elo nach net mat engem Titel gekréinte Pilot, dee quasi ni kapabel ass ze soen ‘ech hunn ee Feeler gemaach’. Et ass ëmmer: ‘Jo, ech ka soen, et war mäi Feeler, wann d’Team dat esou wëllt’. Et mierkt een einfach, et ass net seng Iwwerzeegung, dass en heiansdo ee Feeler gemaach huet.”

A wann d'Weeër vu Russell a Verstappen sech dëse Weekend kräizen, sollt ee besser Popcorn dobäi hunn. Zu Las Vegas hat de Russell sech no engem Tëschefall am fräien Training beschwéiert, de Verstappen géif mengen, hie kéint sech alles erlaben. An der Course huet de Verstappen seng Géigner deklasséiert, de Russell ass an der Mauer gelant. An der Pressekonferenz huet de Verstappen dunn ze verstoe ginn, dass de Russell souwisou ënnert sengem Niveau wier, an dass hie sech wierklech iwwert deem seng Sortie gefreet hätt. Et däerf ee gespaant sinn, wéi dës Telenovela am Katar viru geet...
Katar ass eng vun den Héichbuerge vum Sportswashing. Fir vill Millioune gouf d'MotoGP 2004 an d'Wüst gelackelt, wou 2008 esouguer d'Konzept vun der Nuetscourse ageweit gouf, nach virun der Formel 1. De Sportswashing dréit seng Friichten: Zënter 2021 fiert och d'Formel 1 am Katar a verkeeft d'Land als attraktiv Reesdestinatioun. Leit, déi Wäert op Oppenheet an Inklusioun leeën, sollten dës, menger Meenung no, awer vermeiden.
Populär ass de Circuit och net: beim Personal, virun allem wéinst dem erzwongene Verzicht op de Feierowendbéierchen, a bei Spectateuren a Piloten, well d'Streck ursprénglech fir d'MotoGP entwéckelt gouf. Vill Kéieren a séier Richtungswiessel erméiglechen op zwee Rieder spektakulär Attacken. An der Formel 1 suergen déi selwecht Charakteristiken awer éischter fir eng Prozessioun. Déi verwirbelt Loft erschwéiert d'Nofueren, an et feelt u laange Riichten, op deenen ënnerschiddlech Batteriestrategien d'Iwwerhuele begënschtege kéinten.
Aus technescher Siicht ass de Circuit duerchaus eng Erausfuerderung. Den Auto muss an engem breede Vitessberäich funktionéieren, déi héich lateral Belaaschtunge strapazéieren d'Pneuen, an de Sand kann hire Verschläiss weider verstäerken. Pirelli huet dofir nees eng Limitt vu 27 Tier pro Saz Pneuen agefouert.
Alles an allem sinn ech net iwwerzeegt, datt dem Qatar säi Sportswashing funktionéiert, wann de sportleche Produit net iwwerzeegt. Da bleift de Medien nämlech ze vill Zäit, och emol iwwer de Circuit erauszekucken a sech mat der Realitéit am Land ze beschäftegen.
