Decisioun ëm de WM-Titel léisst op sech waarden, Munster op Plaz 5

© AFP
Mat senger Victoire bei der Zentraleuropa-Rallye hält den Ott Tänak d'Spannung fir déi lescht Manche vun der Saison weider héich.
E Sonndeg stoung mat der Rallye Zentraleuropa déi zweetlescht Statioun vun der aktueller Saison um Programm. No enger spannender Course konnt sech um Enn den Ott Tänak d'Victoire virum Elfyn Evans an dem Thierry Neuville duerchsetzen. De Lëtzebuerger Grégoire Munster ass dobäi op déi 5. Plaz gefuer. De Sébastien Ogier, deen um leschten Deel vun der Course just 1,5 Sekonnen hannert dem Leader louch, ass d'Course op Grond vun enger Kollisioun mat engem Potto net op en Enn gefuer.
Am General läit den Thierry Neuville mat 225 Punkten un der Spëtzt. Do hannendru leien den Ott Tänak an den Elfyn Evans mat 200 an 185 Punkten. De Lëtzebuerger Pilot läit mat 37 Punkten op der 10. Plaz. D'Decisioun ëm de Weltmeeschtertitel fält domat vum 21.-24. November um ofschléissende Weekend a Japan.