Dëse Weekend ass den Optakt vun der neier NLS-Saison um Nürburgring. Mat um Depart ass och nees d'Team "48 LOSCH Motorsport by BLACK FALCON".

Zejoert konnt dat Team mat de Pilote Steve Jans, Noah Nagelsdiek an Tobias Müller d'Victoire an der Porsche Endurance Trophy feieren.

Wéi op der Pressekonferenz no der leschter Saison annoncéiert gouf, ass et d'Zil dësen Titel ze verdeedegen.

Eng Neierung, déi et gëtt, ass, dass d'Team dës Saison ënner Lëtzebuerger Fändel fiert. Zejoert war et nach den däitsche Fändel, dat via de Partner Black Falcon. Elo gëtt awer de Lëtzebuerger Aspekt vun der Zesummesetzung vum Team ervirgehuewen, sou dass bei enger Victoire an der Klass, och d'Lëtzebuerger Nationalhymn um Podium gespillt gëtt.

Dat ass awer net déi eenzeg Ännerung. Och bei de Pilote ginn et Changementer. Déi zwee däitsch Piloten Tobias Müller an Noah Nagelsdiek si weiderhi mat u Bord. De Steve Jans allerdéngs gehéiert net méi zum Team. De Lëtzebuerger Fändel bleift awer um Auto erhalen, well de Carlos Rivas ass elo den drëtte Pilot um Auto.

De Carlos Rivas ass jorelaang op engem Auto vu Black Falcon gefuer, dat virun allem am Porsche Carrera Cup Däitschland. Hei konnt hien och e puer mol hannerteneen den Titel an der ProAM-Wäertung gewannen.

RTL

Hien huet donieft och Erfarungen an der VLN um Nürburgring gesammelt a konnt 2019 eng éischte Kéier bei der 24h-Course um Nürburgring starten, an do och eng Victoire an der V6-Klass feieren. Deemno huet hien och vill Erfarung op der gutt 24 Kilometer laanger Streck.

Zesummesetzung vum Team "48 LOSCH Motorsport by BLACK FALCON" mat der Startnummer 948

Tobias Müller
Noah Nagelsdiek
Carlos Rivas

Déi éischt Course vun der NLS-Saison 2025 gëtt den 22. Mäerz gefuer a leeft ënnert dem Numm "70. ADAC Westfalenfahrt". De Qualifying ass e Samschdeg tëscht 8.30 an 10 Auer. Vun 12 bis 16 Auer ass dann d'4-Stonne-Course.

24h-Course

Fir d'24h-Course vum 19.-22. Juni kritt d'Team da warscheinlech och nach Verstäerkung vun engem weidere Lëtzebuerger Pilot, dat a Persoun vum Dylan Pereira*.

RTL

Beim Asazgefier handelt et sech grad ewéi am leschte Joer ëm de Porsche 992 GT3 Cup, allerdéngs net ëm de Championsauto vun zejoert, ma e komplett nei opgebaute Porsche GT3.

RTL

© Black Falcon

De Kalenner 2025

NLS 2025
22. Mäerz: NLS1
26. Abrëll: NLS2
10. Mee: NLS3
5. Juli: NLS4
16. August: NLS5
13./14. September: NLS6+7
27. September: NLS8
11. Oktober: NLS9

24h-Nürburgring 2025
23.-25. Mee: 24h-Qualifiers
19.-22. Juni: 24h Nürburgring

*Ob den Dylan Pereira fir d'24-Stonne-Course um Nürburgring wäert am Auto vu Losch-Black Falcon sëtzen, ass nach net 100% sécher. De Management vum Dylan Pereira huet eis den 10. Abrëll 2025 matgedeelt, et wier nach kee Kontrakt ënnerschriwwen. D'Verhandlunge wieren nach net ofgeschloss.