Chester Kieffer bleift Leader an der Rookie-Wäertung

© isphoto.lu
Fir déi 4. Manche vum Porsche Carrera Cup Frankräich waren net manner wéi 21 Piloten um Depart zu Misano (Italien).
Am Qualifying war et fir déi éischt Course vum Weekend Plaz 8, respektiv Plaz 6 fir déi zweet Course fir den Chester Kieffer.
An der Course um Samschdeg konnt de Lëtzebuerger sech vun der 8. Plaz bis op Plaz 5 no vir kämpfen. Hie war domadder och bescht-klasséierte Rookie.
Sonndes ass et net grad esou gutt gelaf. Obwuel e mat Plaz 6 eng besser Startpositioun hat, konnt en dat net an e bessert Resultat ëmsetzen. E verléiert eng Plaz a fiert als siwenten iwwert den Zilstréch. Als beschte Rookie kritt en an där Wäertung nees wichteg Punkten.

© isphoto.lu
Am Porsche Carrera Cup Frankräich steet elo mol d'Summerpaus un. Weider geet et vum 19.-21. September zu Valencia a Spuenien.