Porsche Carrera Cup FrankräichChester Kieffer bleift Leader an der Rookie-Wäertung

Andy Brücker
Fir déi 4. Manche vum Porsche Carrera Cup Frankräich waren net manner wéi 21 Piloten um Depart zu Misano (Italien).
© isphoto.lu

Am Qualifying war et fir déi éischt Course vum Weekend Plaz 8, respektiv Plaz 6 fir déi zweet Course fir den Chester Kieffer.

An der Course um Samschdeg konnt de Lëtzebuerger sech vun der 8. Plaz bis op Plaz 5 no vir kämpfen. Hie war domadder och bescht-klasséierte Rookie.

Sonndes ass et net grad esou gutt gelaf. Obwuel e mat Plaz 6 eng besser Startpositioun hat, konnt en dat net an e bessert Resultat ëmsetzen. E verléiert eng Plaz a fiert als siwenten iwwert den Zilstréch. Als beschte Rookie kritt en an där Wäertung nees wichteg Punkten.

© isphoto.lu

Am Porsche Carrera Cup Frankräich steet elo mol d’Summerpaus un. Weider geet et vum 19.-21. September zu Valencia a Spuenien.

Back to Top
CIM LOGO