
No enger spannender Qualifikatioun war de Marc Marquez als Polesetter an de Grousse Präis vu Japan gaangen a konnt sech um Enn virum WM-Leader Jorge Martin behaapten, deen als Zweete gestart war. De Martin hat säi gréisste Konkurrent ëm de WM-Titel nämlech an der éischter Kéier iwwerholl. An der eelefter Ronn konnt sech de Marquez seng Startpositioun erëm zeréck erkämpfen an huet dës bis zum Schluss net méi ofginn.
Hannert dem Spëtzenduo ass de Marco Bezzecchi d'Course als Drëtten op en Enn gefuer. Den Italieener huet wuel 49 Punkte Réckstand op de Leader Martin, ka sech an de verbleiwende sechs Courssen awer nach Chancen ausrechnen. Nächste Weekend bitt sech an Indonesien déi nächst Geleeënheet.
D'Course an der Moto2 war bis zum Schluss ëmkämpft. Um Enn konnt sech den Izan Guevara knapp virum Tony Arbolino behaapten an och den Tschech Filip Salac op déi drëtt Plaz verweisen. Mat dëser Victoire mécht de Guevara de Kampf ëm d'Meeschterkroun nach eng Kéier spannend, well de Spëtzereider Manuel Gonzalez just als 22. ukoum a keng Punkte gesammelt huet. Bei sechs Coursse bleiwen awer nach genuch Punkten ze verginn.
Nach méi enk wéi eng Klass uewendriwwer war et an der Moto3. Do hat den David Almansa en hauchdënne Virsprong op de klore WM-Leader Maximo Quiles. Den Alvaro Carpe ass als Drëtte mat op de Podium geklommen, dat virum Brian Uriarte. Almansa, Carpe an Uriarte kämpfen hannert dem Quiles ëm de Vizemeeschtertitel a leie just e puer Punkten auserneen.
1 Marc Marquez 41:31,467
2 Jorge Martin +1,363
3 Marco Bezzecchi +2,252
4 Enea Bastianini +2,330
5 Raul Fernandez +14,815
1 Izan Guevara 34:14,675
2 Tony Arbolino +0,419
3 Filip Salac +1,057
4 Ivan Ortola +1,247
5 David Alonso 1,554
1 David Almansa 32:45,544
2 Maximo Quiles +0,046
3 Alvaro Carpe +2,738
4 Brian Uriarte +3,610
5 Rico Salmela +4,430
1 Jorge Martin 333 Punkten
2 Marc Marquez 331
3 Marco Bezzecchi 284
4 Pedro Acosta 243
5 Ai Ogura 237
1 Manuel Gonzalez 245,5 Punkten
2 Izan Guevara 235
3 Ivan Ortola 181,5
4 David Alonso 166
5 Daniel Holgado 154
1 Maximo Quiles 326 Punkten
2 David Almansa 199
3 Alvaro Carpe 191
4 Brian Uriarte 187
5 Marco Morelli 146