
Déi zweet Hallschent vun dëser Saison hat an huet et wierklech a sech. Tëschent der Rentrée Enn August zu Zandvoort an der Finall Ufank Dezember zu Abu Dhabi leien nëmme véier fräi Weekender. Virun allem déi sougenannten Tripleheader (dräi Courssen um Stéck) ginn un d'Substanz an elo um Schluss vun der Saison huet sech een Tripleheader un deen anere gereit, dat Ganzt kombinéiert mat ustrengende Flugreese queesch duerch d'Zäitzonen.
Mee d'Formel 1 ass eng Zwee-Klassegesellschaft, awer ëmgedréint wéi ee menge kéint. Wärend sech ofwiesselen däerfen, sinn d'Ingenieuren all Course um Dill, wéi den RTL-Formel-1-Expert Dominique Riefstahl aus eegener Erfarung weess: “D’Leit fänken un, um Zännfleesch ze lafen. Gläichzäiteg ass d’Formel 1 esou, dass keen d’Hand an d’Luucht hieft a seet ‘ech brauch eng Paus’ oder ‘ech muss eng Kéier eng Course aussetzen’. Bei den Ingenieuren a bei verschiddene Schlësselpositioune gëtt dat nach ëmmer als Schwächt, als Zeechen ‘du bass net gutt genuch fir dëse Beruff’ gesinn. Et ginn natierlech och Leit, déi soen ‘ech wëll keng Course verpassen, ech hunn den Androck, ech sinn ze wäit ewech vum Circuit, ech brauch ze laang fir erëm dranzekommen.’"
Trotz eventueller Middegkeet: verschidde Piloten a verschidden Ecurië musse sech och déi lescht dräi Courssen nach voll konzentréieren, well et nach ëm eppes geet. Bei de Pilote kämpfe Verstappen, Russell, Hamilton, Leclerc an Norris nach ëm de Vizetitel, och wann dat fir esou munchen héchstens en Trouschtpräis ass. Och bei de Constructeure ginn et nach vereenzelt Dueller: McLaren géint RedBull ëm Plaz 3, Haas géint Audi ëm Plaz 7. Alles wichteg, wann um Enn vun der Saison déi milliounenhéich Präisgelder verdeelt ginn.
Bei de Racing Bulls schéint déi fënnefte Plaz iwwerdeems an dréchenen Dicher ze sinn. Et wier dat bescht Resultat an der Geschicht vun dëser italieenescher Formatioun, déi an den 80er Joren als Minardi gegrënnt gouf: “Si hunn offensichtlech en Auto entworf, dee vun Ufank u gutt funktionéiert huet. Si hunn den Entwécklungstempo vun de groussen Ecurië kënne matgoen. Do muss ee wierklech soen, esouwuel fänkt zu Faenza un, de ganze Wiessel, deen iwwert déi leschte véier bis fënnef Joer ugefaangen huet, ze gräifen. Do goufe relativ vill intern Strukture geännert, do goufen nei Leit agesat, do goufen aner Prozesser opgebaut”, lueft den Dominique Riefstahl.
Zu Las Vegas gëtt nuets gefuer. Fir dass déi beandrockend Skyline mat den hell beliichten Hoteller an der spektakulärer LED-Kugel Sphere gutt eriwwer kommen. Mee wat flott fir d'Tëleesbiller ass, ass eng Katastroph fir d'Pneuen. An der Wüst kann et nuets richteg kal ginn. Dëse Weekend kéint esouguer en neie Rekord opgestallt ginn. Déi keelste Formel-1-Course war bis elo de Grand-Prix vu Kanada 1978 mat fënnef Grad Celsius. Zu Las Vegas kéinten d'Temperaturen déi nächst Deeg esouguer bis op 4 Grad falen...

D'Weltmeeschterschafte sinn zwar decidéiert, mee déi lescht Coursse versprieche weider Spannung. Virun allem liwwere si wäertvoll Indicen: Geet Red Bull als dominant Kraaft an de Wanter? Fënnt Mercedes zeréck zu aler Stäerkt? Kritt Ferrari seng Piloten endlech an de Grëff? A geléngt et McLaren endlech, hier kapriziéis Monoplace ze zämen?
Technesch ass Las Vegas dëst Joer e bësse méi einfach gi fir d'Ingenieuren. Wéinst der aktiver Aerodynamik muss een net méi tëscht Topspeed a Vitess an de Kéiere wielen. Traktioun an en effizienten Topspeed ginn domat zu de Schlësselfacteuren.
Mee d'Wüst huet och hir eege Reegelen: Nuets falen d'Temperaturen däitlech, déi relativ kuerz Kéiere belaaschten d'Pneuen nëmme wéineg an de glaten Asphalt mécht et nach méi schwéier, Temperatur an de Gummi ze kréien. A bei den Nuetstemperature lauert och verstäerkt de Risiko vu Graining: D'Uewerfläch vum Pneu fänkt un opzebriechen, de Grip geet verluer.
Eng weider Erausfuerderung ass den Energiemanagement. Op de laange Riichte gëtt vill elektresch Energie verbraucht, wärend et verhältnisméisseg wéineg haart Bremsmanöver gëtt, fir d'Batterie duerch Recuperatioun nees ze lueden. Wien hei seng Reserven net gutt andeelt, riskéiert, op de Riichte séier an d'Defensiv ze geroden oder souguer e Selbstgol ze schéissen.
De Circuit gesäit jo wéi e Schwäin op der Kopp aus. "Dans le cochon, tout est bon", seet ee bekanntlech. Zu Vegas gëllt dat awer nëmme fir deen, deen aus all Kilowatt an all Grad Pneuentemperatur déi beschte Ronnenzait eraushëlt. An enger Stad, an där alles ëm d'Glécksspill dréint, gewënnt um Enn net onbedéngt deen, deen am meeschte riskéiert, mee deen, dee seng Kaarte richteg spillt.
