MotoGPKrimi zu Portimão: Marc Marquez ass Weltmeeschter

RTL Lëtzebuerg
De Spuenier vum Ducati Lenovo Team kréint sech a Portugal fir déi 10. Kéier zum Weltmeeschter, säin aachte WM-Titel an der MotoGP. Hien konnt domat dës Saison e Réckstand vun 102 Punkten ophuelen, dëst ass nach kengem Pilot virun him gelongen.
Team Ducati Lenovo Team's Marc Marquez celebrates with supporters after becoming the new world champion following the Moto GP race during the Moto GP Portuguese Grand Prix at the Algarve International Circuit in Portimao, on November 22, 2026.
De Marc Marquez léisst sech vun de Supporter feieren.
© AFP

Nodeems de Marc Marquez et e Samschdeg am Sprint verpasst huet säi WM-Titel fréizäiteg ze verdeedegen, wollt de Spuenier e Sonndeg näischt méi ubrenne loossen. Eng gutt Course ass de Spuenier awer net gefuer, an hien huet virun allem an der Ufanksphase eng Plaz no däer anerer verluer. Et sollt bis zum Schluss am Marquez Lager geziddert ginn. Um Enn geet dem Marc Marquez awer eng 8. Plaz duer, fir säin 8-Weltmeeschtertitel an der MotoGP kenne ze feieren. Gewonnen gouf d'Course vum Marco Bezzecchi virum Jorge Martin, seng zwee enksten Verfollger am WM-Klassement.

De Start huet de Marc Marquez géint de Marco Bezzecchi gewonnen a louch an deenen éischte Kéieren op der 1. Plaz. Vu laanger Dauer sollt seng 1. Plaz awer net sinn, dat well de Raul Fernandez a e puer Momenter mei spéit och de Jorge Martin laanscht de WM-Leader gefuer sinn. Nodeems och de Marco Bezzecchi, Diogo Moreira, Ai Ogura, a Brad Binder laanscht de Marc Marquez gefuer sinn, louch de Spuenier 5 Tier viru Schluss just nach op der 9. Plaz. Un der Spëtzt louch zu dësem Zäitpunkt de Marco Bezzecchi virum Jorge Martin, dem Marquez seng 2 enkste Verfollger am WM-Klassement. Des Konstellatioun sollt dem Marc Marquez awer esou just duergoen, fir säi WM-Titel a Portugal kennen ze feieren. Um Enn klasséiert sech de Pilot vum Ducati Lenovo Team op der 8. Plaz, wat dem Spuenier duer geet fir säi WM-Titel kennen ze verdeedegen.

An der Moto2 war d'Victoire e Sonndeg fir den Daniel Munoz. Fir de Spuenier ass et déi 1. Victoire an der Moto2. Hannert dem Munoz fueren den Ivan Ortola a Senna Agius mat op de Podium. D’Course gouf tëschenzäitlech ënnerbrach, well 3 Fuerer no engem Crash op der Streck louchen. Schwéier verletzt huet sech keen. Beim Re-Start war de WM-Leader Manuel Gonzalez awer net mei mat dobäi, dat well hien nom Crash et net mei rechtzäiteg an d‘Box gepackt huet. Domat fält Decisioun em de WM-Titel tëscht dem Manuel Gonzalez an dem Izan Guevara an der leschter Course zu Valencia.  

An der Moto3 huet de Weltmeeschter Maximo Quiles, deen zanter dem Grousse Präis an Indonesien schonn als Weltmeeschter feststeet, seng 12. Victoire an dëser Saison konnte feieren. Op d’Plazen zwee an dräi fueren den David Almansa an den Alvaro Carpe.

Um RTL Play fannt Dir d'Coursse vun der MotoGP, der Moto2 an der Moto3 fir eng begrenzt Zäit am Replay.


D'Resultater vun de Courssen

MotoGP

1. Marco Bezzecchi 41:30.80
2. Jorge Martin +3.845
3. Raul Fernandez +5.711

Moto2

1. Daniel Munoz 11:58.764
2. Ivan Ortola +1.558
3. Senna Agius +1.839

Moto3

1. Maximo Quiles 22:12.187
2. Rico Salmela +0.457
3. Adrian Fernandez +0.666

D'WM-Klassement

MotoGP

1. Marc Marquez 439
2. Jorge Martin 396
3. Marco Bezzecchi 394

Moto2

1. Manuel Gonzalez 286.5
2. Izan Guevara 282
3. Ivan Ortola 230.5

Moto3

1. Maximo Quiles 417
2. David Almansa 266
3. Alvaro Carpe 224

Back to Top
CIM LOGO