Mat effet immédiatPeugeot zitt sech aus Laangstrecke-WM zréck

Tom Nols
De Stellantis-Grupp huet annoncéiert, seng Aktivitéiten am Motorsport ze stoppen. Nieft Peugeot sinn och d'Projete vu Citroën an Opel betraff.
Peugeot ass dëst Joer virleefeg fir d'lescht zu Le Mans ugetrueden.
Peugeot ass dëst Joer virleefeg fir d'lescht zu Le Mans ugetrueden.
© FREDERIC LE FLOC H/DPPI via AFP

De Grupp Stellantis huet e Méindeg Rumeuren, déi wochelaang zirkuléiert waren, confirméiert an den Out fir Peugeot an der Laangstreckeweltmeeschterschaft WEC annoncéiert. D'Entreprise, där 14 Autosmarke gehéiert, wëllt no 2027 a kenger FIA-WM méi untrieden.

Fir den Hypercar-Programm vu Peugeot ass no dëser Saison Schluss, d'Aktivitéite vu Citroën an Opel an der Formel E wäerten no där nächster net méi weidergoen. Et wier eng schwiereg Decisioun, sou de CEO Emanuele Cappellano. An enger delikater Period fir d'Industrie an Europa wier et essentiel, op d'Ausféiere vum Plang vum Grupp fokusséiert ze sinn.

Out och an der Formel E

Peugeot huet eng laang an erfollegräich Geschicht am Motorsport, ënnert anerem hu si dräimol d'24-Stonne-Course vu Le Mans gewonnen an hu jorelaang Motore fir d'Formel 1 gebaut. Citroën konnt sech dacks am Rallye Raid an op der Dakar-Rallye auszeechnen. De Formel-E-Projet vun Opel ass mat der Decisioun vu Stellantis scho viru sengem Debut zur Randnotiz vum Motorsport degradéiert.

Am Mee hat Stellantis en neie Plang presentéiert, fir d'Finanzen erëm an de Grëff ze kréien, nodeems riseg Pertë gemaach gi waren. Onberéiert vun der Entscheedung bleift virleefeg de Rallyeprogamm fir Cliente vu Lancia. D'Kompetenzen am Motorsport sollen elo bannent dem Grupp der Entwécklung vun Héichleeschtungsmodellen ze Gutts kommen. Dat kéint de ronn 300 betraffenen Employéen um Motorsport-Standuert zu Versailles-Satory virleefeg retten.

Back to Top
CIM LOGO