MotoGPMarquez no Victoire a Malaysia kuerz virum aachte WM-Titel

RTL mat AFP
De Spuenier huet e Sonndeg de Moie Lëtzebuerger Zäit senger Konkurrenz keng Chance gelooss.
De Marc Marquez huet de Weekend zu Sepang de Sprint an de Grousse Präis vu Malaysia gewonnen.
De Marc Marquez huet de Weekend zu Sepang de Sprint an de Grousse Präis vu Malaysia gewonnen.
© MOHD RASFAN/AFP

De Marc Marquez (Ducati Lenovo Team) steet kuerz viru sengem aachte Weltmeeschtertitel an der MotoGP. De Spuenier huet e Sonndeg de Grousse Präis vu Malaysia souverän gewonnen. Den Ducati-Pilot an aktuelle Weltmeeschter huet sech zu Sepang virum Pedro Acosta (Red Bull KTM Factory Racing) a sengem Brudder Alex Marquez (BK8 Gresini Racing MotoGP) duerchgesat. Säi gréisste Konkurrent am Kampf ëm den Titel, den Aprilia-Pilot Jorge Martin (Aprilia Racing), konnt wéinst engem Broch um Handgelenk net un den Depart goen. Domat kann de Marquez schonn den nächste Weekend am Katar de WM-Titel perfekt maachen.

De Marquez war nieft sengem Brudder a Pole-Setter Alex Marquez aus der éischter Rei gestart. Schonn an der éischter Kéier hat hien d'Féierung iwwerholl an déi bis an d'Zil net méi ofginn.

Dräi Course-Weekender stinn dës Saison nach um Programm. De Marquez, deen am Sprint e Samschdeg hannert dem Acosta op déi zweet Plaz gefuer war, féiert d'WM-Klassement mat 399 Punkten un. De Martin ass mat 355 Punkten Zweeten, de Marco Bezzecchi kënnt mat 332 Punkten op déi drëtt Plaz.

An der Moto2 huet den Honda-Pilot David Alonso (CFMOTO RCB Aspar Team) seng drëtt Victoire an der Moto2 gefeiert. Hien huet sech viru sengem Teamkolleeg Daniel Holgado (CFMOTO RCB Aspar Team) behaapt. Fir d'Team Aspar war et deen éischten Doublé zanter Valencia 2013. Déi lescht Plaz um Podium war fir den Angel Piqueras (QJMOTOR - MSI). De WM-Leader Manuel Gonzalez (LIQUI MOLY Dynavolt Intact GP) ass hannert sengem gréisse Konkurrent Izan Guevara (BLU CRU Pramac Yamaha Moto2) de Fënnefte ginn a bleift domat weider a Féierung am General.

An der Moto3 huet de frëschgebakene Weltmeeschter Maximo Quiles (CFMOTO Gaviota Aspar Team) senge Konkurrente keng Chance gelooss. Fir hie war et déi 11. Victoire an dëser Saison. Op de Podium sinn nach de Veda Pratama (Honda Team Asia) an den Alvaro Carpe (Red Bull KTM Ajo) gefuer.

Back to Top
CIM LOGO