Basketball-ChampionnatZolwer klappt Steesel, d'Fiels wënnt zu Esch

RTL Lëtzebuerg
Donieft konnt Diddeleng däitlech géint de Racing gewannen an d'Musel Pikes hu géint d'Kordall Steelers verluer.
© Christophe Hochard

Um Samschdeg war den Optakt vum 8. Spilldag an der Enovos League bei den Hären. Fir Diddeleng an d'Fiels goufen et kloer Victoiren, wärend Zolwer géint Steesel gewonnen huet an d'Kordall Steelers sech géint d'Pikes behaapt hunn.

Den Opsteiger Zolwer setzt sech auswäerts zu Steesel mat 77:70 duerch. E Comeback vun der Lokalekipp ass dobäi ze spéit komm, Zolwer konnt sech am drëtte Véierel ofsetzen an d'Partie um Enn gewannen. De Sandro Sanchez huet net nëmmen 22 Punkte markéiert, mee och ronn 45 Sekonne viru Schluss mat engem spektakulären Dunk fir d'Virentscheedung gesuergt.

Eng kloer Victoire gouf et fir d'Arantia Fiels, dat mat engem 96:53-Succès auswäerts zu Esch. D'Lokalekipp war duerch d'Ausfäll vu Clancy Rugg a Quinten Nelson geschwächt an hat dem Coupe-Gewënner näischt entgéint ze setzen. Den Derek Wilson koum op 21 Punkte fir d'Gäscht.

Den T71 Diddeleng iwwerrennt de Racing Lëtzebuerg mat 89:50. D'Ekipp aus der Haaptstad hat keng Reussite an huet kee Mëttel géint déi Diddeleger Defense fonnt. Den Ivan Delgado koum bei sengem Comeback no enger Verletzungspaus op Säite vum T71 op 22 Punkten.

D'Kordall Steelers wannen eng enk Partie mat 85:80 géint d'Musel Pikes. Fir d'Lokalekipp war et déi zweet Victoire vun der Saison. Mat 34 Punkte konnt de Sean Conway bei de Steelers iwwerzeegen.

Back to Top
CIM LOGO