Dës Woch ass de Lars Gerson Invité am Podcast Drëtt Hallschent, de Sport-Talk.

De Lëtzebuerger Futtballnationalspiller schwätzt mam Jeff Kettenmeyer iwwer déi rezent Lännermatcher géint Slowenien an Irland a wéi et war, als Spiller mat den Niewegeräischer ëmzegoen. Donieft gëtt awer och op d‘WM-Qualifikatioun no vir gekuckt a wat et him géif bedeiten, fir do säin 100. Lännermatch ze spillen. De Lars Gerson erzielt och, datt hien de Sergio Busquets bewonnert a wéi seng Relatioun mat de skandinavesche Länner ass.
 
Affär Gerson Rodrigues
 
De Lars Gerson sot, datt een um Terrain d‘Niewegeräischer ausgeblent kritt, een et allerdéngs op der Bänk scho mierkt, wann am Stadion eppes anescht ass ewéi soss. Hie géif dat, wat de Stiermer gemaach huet, absolut net guttheeschen, e géif awer als Matspiller säin Job maachen an dee géif draus bestoen, fir Futtball ze spillen.
 
WM-Quali géint Nordirland, Slowakei an Däitschland
 
Mat deem Grupp u Spiller, deen den Ament do wier, hätt een eng gutt Chance géint Länner wéi Nordirland an d'Slowakei matzehalen. Virun allem de Match aus dem Joer 2023 géint d‘Slowake wier him nach am Hannerkapp, deemools hätt een onbedéngt misste wannen, mä et hätt een et trotz gudder Leeschtung leider verpasst.
 
Mëttelfeld-Spiller oder Verdeedeger?
 
De Lars Gerson erzielt, wéini a wisou et bei him zum Wiessel vum Mëttelfeldspiller op Zentral-Verdeedeger koum. Ee Spiller, deen hien ëmmer bewonnert huet, wier de Sergio Busquets. De Spuenier hätt all Qualitéit, déi ee bräicht, fir als "6er" all Ekipp kënne weider ze hëllefen. No engem Lännermatch a Spuenien huet de Lars Gerson och den Trikot mat him getosch.

Podcast Drëtt Hallschent Episod 196: Lars Gerson