De Lëtzebuerger Renningenieur erkläert wéi schwéier et ass, zu Spa déi richteg Balance vum Auto ze fannen.

De Max Verstappen op Red Bull huet seng Konkurrenten e Sonndeg beim Grousse Präis vun der Belsch dominéiert. De Weltmeeschter ass zu Spa vun der 14. Plaz fortgefuer an koum no 44 Ronnen nach als Éischten un. D'Géigner wëssen hiren Hänn zum Deel kee Rot méi. Bei Mercedes kritt een dës Saison den Auto einfach net esou hin, wéi ee wëll. Lo de Weekend war mam Dominique Riefstahl ee vun den Haaptingenieure vun der Ecurie vum Rekordweltmeeschter Lewis Hamilton mat um Circuit an huet eis hir Problemer erkläert.

De Lëtzebuerger ass normalerweis zu Brackley an der Fabrick vu Mercedes. Do ass den Dominique Riefstahl responsabel vum sougenannten "Race support room", deem Raum an dem all d'Donnéeë vun der Streck erakommen a fir d'Leit un der Boxemauer ausgewäert ginn. Lo zu Spa war de fréiere Renningenieur awer um Circuit.

Well ech den éischten Ersatzmann si fir e puer vun eise Leit ass et wichteg, fir all d'Prozeduren, wéi mir um Circuit schaffen, net ze verléieren, an et ass och wichteg, datt ee seng Leit kennt. Et ass vill méi einfach e Verhältnis mat de Mecanicienen opzebauen, wann s de se gesäis, an dofir sinn ech 2-3 Mol an der Saison op der Streck. Wat lo den Auto ugeet, krut een de W13 zu Spa ni esou agestallt, wéi een dat gebraucht hätt. Et ass déi richteg Balance ze hunn tëscht dem néidegen Appui an esou wéineg wéi méiglech Loftwidderstand.

De Lewis Hamilton hat no enger Kollisioun am éischten Tour mam Fernando Alonso scho fréi Feierowend. Den George Russell um zweete Mercedes huet sech awer zum Schluss nach e spannenden Duell mam Carlos Sainz op Ferrari fir déi lescht Podiumsplaz geliwwert. Bei der Ecurie mam Stär huet een awer einfach en Dilemma.

Ass ee séier op der Riichter, dann ass ee lues am 2. Secteur, ass ee lues am 2. Secteur, da kann een net esou eng gutt Ronnenzäit dohinner leeën . Ma déi Vitesse op der Riichter brauchs de fir ze attackéieren oder ze verdeedegen. Heiansdo muss de den Auto astellen, deen net den optimaalsten ass fir eng eenzel Ronn.

D'Dominanz vu Red Bull ass schonn ecrasant. Lo de Weekend geet et an der Formel 1 awer schonn direkt weider mam Grousse Präis vun Holland zu Zandvoort. Dee Circuit dierft dann op d'mannst Ferrari nees e bësse besser leien a villäicht ka Mercedes jo och nees un d'Leeschtung vun Ungarn erukommen, wou Hamilton a Russell op de Plazen 2 an 3 um Podium stoungen.