Nodeems de Sebastian Vettel de Schluss vu senger Karriär annoncéiert huet, war relativ séier bekannt, dass de Fernando Alonso seng Plaz anhëlt.

Et war d'Nouvelle virun der Summerpaus, datt de 4-fache Formel-1-Weltmeeschter Sebastian Vettel no dëser Saison e Schlussstréch ënnert seng erfollegräich Karriär zitt. D'Vakanz an der Kinneksklass vum Automobilsport war knapps een Dag am gaangen, du koum schonn d'Nouvelle, datt de Fernando Alonso vun Alpine bei Aston Martin wiesselt an den däitsche Pilot do ersetzt. Mattendran war och de Mike Krack, an de Lëtzebuerger Teamchef vun der brittescher Ecurie huet eis am Kader vum Grousse Präis vun der Belsch, deen de Weekend zu Spa war, Riet an Äntwert iwwert den Transfert gestanen.

Virun der Summerpaus hat ee bei Aston Martin e puer opreegend Deeg. Ronn 48 Stonne virum éischte Fräien Training zu Budapest an Ungarn huet de Sebastian Vettel seng Cheffen iwwert seng Decisioun informéiert, de Mike Krack:

De Sebastian huet eis effektiv eréischt mëttwochs Bescheed gesot. Mir wossten ëmmer, datt dat kéint geschéien. Hie wosst och, datt hien eis an eng schwiereg Situatioun géif bréngen, wann hien ze laang géif waarden. Mir waren eis eens, datt hien eis bis d'Summerpaus eng Entscheedung matdeelt.

Wéi d'Annonce bis dobausse war, datt de Sebastian Vettel e Schlussstréch, no 15 Joer an der Formel 1, géif zéien, huet et net laang gedauert bis Aston Martin den 2-fache Weltmeeschter Fernando Alonso als neie Stammpilot konnt presentéieren.

Mam Fernando Alonso hate mer jo scho virdru Kontakt. Wéi hien zeréck an d'Formel 1 koum, hätt hien och bei eis kênne kommen. Jo et ass ganz séier gaangen. Hien huet gesot, 10 Minutte ginn duer, an effektiv ass et du séier gaangen.

Fir de Lëtzebuerger Teamchef vun Aston Martin gëtt et d'nächst Saison e weideren Challenge op der Kommandobréck vun der brittescher Ecurie. Et ass gewosst, datt de Fernando Alonso, deen a senger 19 Joer laanger Formel-1-Karriär zwee Mol Weltmeeschter ginn ass, 32 Grand Prixe gewonnen huet, 22 Mol vun der Pole Positioun fortgefuer ass an 98 Mol um Podium stoung, net den einfachste Charakter ass.

Jo also d'Champions sinn alleguer schwiereg. Mä dat ass awer och eppes, dat eis Ecurie brauch, Fuerer, déi froen, déi pushen, souwuel op der Piste wéi nieft der Pist. Ech géif net soe schwiereg, ech géif soen intensiv. Mir mussen och doraus léieren an dofir denke mir, datt et dee beschte Fuerer ass, dee mir kênnen engagéieren.

Lo fiert de Fernando Alonso awer emol nach seng Saison bei Alpine fäerdeg. Den nächste Weekend gëtt et dem 41 Joer ale Spuenier da säin 349. Grand Prix an der Formel 1. Domat egaléiert de fréiere Gewënner vun de 24 Stonne vu Le Mans de Rekord vum Kimi Raikkonen. Un d'Pensioun denkt den Alonso awer net, well hie krut elo bei Aston Martin e Kontrakt fir e puer Joer, bei Alpine sollt et just eng Verlängerung fir eng Saison ginn.