Oscar Piastri iwwerhëlt Cockpit vum Daniel Ricciardo bei McLaren

De Piastri bei Tester fir Alpine am Dezember 2021 zu Abu Dhabi. / © AFP (Archiv)
Nodeem Alpine gemellt hat, datt de Piastri fir si déi nächst Saison géif un den Depart goen, gouf eng Kommissioun mat der Analyse vu Kontrakter beoptraagt.
An der Formel 1 huet den CRB, d'Onofhängeg Kommissioun fir d'Kontrakter vun de Piloten ze kontrolléieren, elo decidéiert, datt den Oscar Piastri e gültege Kontrakt mat McLaren huet, deen de 4. Juli vun dësem Joer ënnerschriwwe gouf.
Alpine hat direkt am Ufank vun der Summerpaus gemellt, datt den australesche Pilot, deen och Reservepilot bei hinnen ass, déi nächst Saison fir si géif fueren. De Formel-2-Champion huet awer direkt dorop wësse gedoen, datt hien déi nächst Saison net fir déi brittesch-franséisch Ecurie géif am Cockpit setzen. Dat hat nawell fir vill Diskussioune gesuergt.
Elo ass also domat kloer, datt de Piastri d'Plaz vun sengem Kompatriot Daniel Ricciardo iwwerhëlt, an domat Equipier vum Lando Norris gëtt. Den 21 Joer alen Australier huet e Kontrakt iwwer e puer Joer bei McLaren kritt. Bei Alpine akzeptéiert een dat, wat den CRB decidéiert huet, och wann ee sech dat sécherlech anescht virgestallt hat, nodeems ee vill Zäit a Suen an d'Entwécklung vum Piastri gestach hat.