Max Verstappen setzt sech no enger taktescher Course duerch

© Kenzo Tribouillard / AFP
Bei sengem Heem-Grand-Prix zu Zandvoort huet de Max Verstappen seng 30. Victoire virum George Russell an dem Charles Leclerc gefeiert.
D'Course war duerch déi ënnerschiddlech Strategië vu Red Bull a Ferrari op der enger Säit a Mercedes op der anerer Säit spannend. Mercedes huet op eng 1-Stopp-Strategie gesat, wärend Red Bull a Ferrari zweemol an d'Box gefuer sinn. An der Course selwer huet Mercedes duerch e puer Safety-Car-Phasen d'Strategie geännert. Um Enn hat Red Bull awer d'Nues um taktesche Plang vir an de Max Verstappen huet fir d'véierte Kéier hannertenee gewonnen. De George Russell huet sech déi 2. Plaz virum Charles Leclerc geséchert. Bei Ferrari konnt een nom Verlaf vun der Course mat der Placéierung liewen.
Beim Start gouf et op de viischte Positioune keng Changementer. De Verstappen ass virum Leclerc, dem Sainz an dem Hamilton bliwwen. De Mick Schumacher ass vun der 8. op déi 10. Plaz zréckgefall. Beim éischte Boxestopp hat d'Crew vu Ferrari just 3 nei Pneue fir de Carlos Sainz, soudass de Fuerer zréckgefall ass. Beim Verstappen a Leclerc ass alles gutt gaangen. An der Hallschent vun der Course a no de Boxestoppë vu Mercedes louch de Verstappen virum Leclerc an dem Hamilton.
An der 47. Ronn gouf et e virtuelle Satefy Car, nodeems den Tsunoda op der Streck stoe bliwwe war. De Verstappen an awer och déi 2 Mercedes-Piloten Hamilton a Russell hunn dovu profitéiert, sinn an d'Box gefuer an hu sech op der Streck virun de Leclerc geschafft. De Monegass louch zu dem Zäitpunkt op der 4. Plaz.
D'Course ass turbulent weidergaangen a no enger weiderer Safety Car-Phas ass d'Course nei relancéiert ginn. D'Piloten louchen no beieneen an de Verstappen huet direkt profitéiert fir laanscht den Hamilton ze fueren. Well den Hamilton op de méi luesen Medium-Pneue gefuer ass, huet hien och de Russell an de Leclerc misse laanscht fuere loossen. Bis zum Schluss sollt sech un där Reiefolleg näischt méi änneren. Am WM-Klassement huet de Verstappen seng Avance weider ausgebaut a läit weiderhin souverän un der Spëtzt. De Réckstand vum Leclerc a vum Sergio Perez läit bei 109 Punkten op den Hollänner.
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.