De Monegass op Ferrari realiséiert déi séiersten Zäit a start e Sonndeg virum George Russell op Mercedes.

Zu Monza fiert de Charles Leclerc op Ferrari e Sonndeg vun der 1. Plaz fort. Nieft dem Monegass start den George Russell, well am Virfeld vum Qualifying fir 9 Fuerer Grid-Strofen annoncéiert goufen. Ënner anerem de Max Verstappen an de Sergio Perez ginn e Sonndeg 5 respektiv 10 Plazen no hanne geréckelt, wärend de Carlos Sainz an de Lewis Hamilton vu ganz hanne starte mussen. Doduerch fiert de Russell, deen am Qualifying just de Sechste ginn ass, vun der 2. Plaz fort. Aus der zweeter Rei starten de Lando Norris op McLaren a wuel de Max Verstappen op Red Bull, deen am Qualifying déi zweetséiersten Zäit gefuer ass.

Den Haas-Duo Mick Schumacher a Kevin Magnussen huet et net aus dem Q1 eraus gepackt. Béid Aston Martin-Pilote Sebastian Vettel a Lance Stroll hunn den Auto och missen ofstellen, genausou wéi de Nicholas Latifi op Williams.

Am zweeten Tuer huet et nieft dem Alfa Romeo-Duo Valtteri Bottas an Zhou Guanyu och den Esteban Ocon am Williams an de Yuki Tsunoda op AlphaTauri erwëscht. Den Nyck de Vries, dee wéinst enger Blinddarmentzündung vum Alex Albon op Williams fiert, huet den Auto och missen ofstellen.

Suivéiert déi 16. Course vun der Saison e Sonndeg vu 14h15 u live op RTL ZWEE, RTL.lu an um RTL Play.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 PIRELLI GRAN PREMIO D’ITALIA 2022

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2022

© RTL