Dräi intensiv Woche gi vum Weltmeeschter Max Verstappen dominéiert

© AFP
Deen nächste Rendez-vous huet d'Kinneksklass aus dem Automobilsport eréischt an dräi Woche mam Grousse Präis vu Singapur.
Dräi intensiv Woche leien no der Summerpaus hannert dem Formel-1-Zirkus. Mat Spa an der Belsch, Zandvoort an Holland, a Monza an Italien waren elo dräi Grouss Präisser an Zäit vun dräi Wochen. Déi lescht Courssen hu gewisen, datt de Max Verstappen op Red Bull dës Saison wuel net vum Weltmeeschter-Troun ze stoussen ass.
No der Summerpaus ass et an der Formel 1 mat cent à l'heure oder besser gesot mat 300 Kilometer an der Stonn weidergaangen. An de leschte Woche krut een dann och eng Rei Erkenntnisser, seet den RTL-Formel-1-Commentateur Serge Pauly:
"Dat éischt ass, datt d'Formel 1 einfach op déi al europäesch Circuite gehéiert. Et sinn einfach flott authentesch Strecken. An et ass och do, wou d'Häerz vun der Formel 1 schléit."
Op reng sportlechem Plang kann een aus de leschten dräi Woche virun allem eppes zeréckbehalen: "An dat ass d'Dominanz vum Max Verstappen, déi ass wierklech remarkabel. En ass zu Spa vu 14 op 1 gefuer, en ass zu Monza vu 7 op 1 gefuer, hien huet seng fënneft Victoire hannertenee gefeiert. Do kënnen den eegenen Teamkolleeg a Ferrari net mathalen. Mercedes ass och nach ëmmer eng Virwëtztut."
Den zweete Weltmeeschtertitel ass dem Hollänner Max Verstappen u sech net méi ze huelen: "De Max Verstappen huet 116 Punkten Avance, dat heescht, hie kéint eigentlech déi nächst 4 Coursse Congé huelen a wann hien dann zeréckkënnt, da wier hien nach ëmmer Éischten. E kann effektiv scho beim nächste Grand Prix zu Singapur Weltmeeschter ginn. E muss do gewannen, séierste Ronn fueren an de Charles Leclerc dierf héchstens 8. ginn. Dann ass de Max Verstappen scho fënnef Coursse viru Schluss scho fir d'zweet Weltmeeschter."
No deenen dräi Formel-1-Courssen um Stéck kréien d'Mecanicienen, d'Ingenieuren an esou weider elo emol e puer Deeg fräi, fir bei hir Famill ze goen. Duerno wäerten d'Autoen awer eng komplett Revisioun kréien, datt se nees fit gemaach ginn, fir déi lescht sechs Grouss Präisser vun der Saison.
An deen nächste Grand Prix ass wéi gesot Ufank Oktober zu Singapur. Op RTL.lu, um RTL Play an op Tëlee Lëtzebuerg op RTL ZWEE si mer natierlech nees live fir Iech dobäi.