De Max Verstappen ka sech de Weltmeeschtertitel sécheren

Fir d'Formel-1-Supporter ginn et dëse Weekend Fréibiren. Den Depart fir de Grousse Präis vu Japan ass e Sonndeg de Moie schonn um 7 Auer eiser Zäit.
Et lount sech awer sécherlech, fir esou fréi opzestoen, well zu Suzuka kéint d'Decisioun ëm d'Weltmeeschterschaft bei de Piloten zu Gonschte vum Max Verstappen falen.
Virum 18. vun 22 Grousse Präisser huet de Max Verstappen 104 Punkten Avance op de Charles Leclerc op Ferrari an 106 op säin Equipier Sergio Perez. No Suzuka bleiwen da just nach 112 Punkten ze verdeelen, dozou den RTL-Formel-1-Commentateur Serge Pauly.
Dat heescht, de Max Verstappen brauch zu Suzuka 8 Punkte méi wei de Charles Leclerc a 6 méi wéi säin Equipier Sergio Perez. Ech huelen elo emol zwee Zenarien eraus. Wann de Max Verstappen gewënnt an déi séierste Ronn fiert, dann ass hie Weltmeeschter, egal wat d'Konkurrente maachen. Wann de Max Verstappen net an d'Top 6 kënnt, da kann ee bei Red Bull de Schampes an d'Weltmeeschter-T-Shirten bis Austin dobannen halen.
Zu Singapur virun enger Woch hat den aktuelle Weltmeeschter säin éischte Matchball, den Hollänner huet deen awer net genotzt. Elo a Japan ass et duerchaus realistesch, datt et mam zweeten Titel fir de Verstappen klappt.
Et ass méi realistesch wéi zu Singapur, mä eng Formel-1-Course kann ëmmer komesch lafen. Do muss een da schonn e Sonndeg de Moien um 7.15 Auer opstoen, fir dat da live ze suivéieren.
D'Streck zu Suzuka ass eenzegaarteg. Et ass deen eenzege Circuit am Formel-1-Kalenner, deen d'Form vun enger 8 huet, also wou d'Piste sech eng Kéier kräizt:
Et ass net nëmme e witzege Fun-fact, mä et ass duerchaus och vu Bedeitung fir d'Course, well d'Lénks- an d'Rietskéieren am Equiliber sinn. Da ginn et déi ganzen Zäit Kéieren, fléissend Kéieren an d'Pilote sinn déi ganzen Zäit säitleche G-Kräften ausgesat. An da gëtt et just eng DRS-Zone, dat ass just nach zu Monaco de Fall.
Dës Streck dierft Red Bull tendenziell besser leien, wéi Ferrari, seet den RTL-Formel-1-Commentateur:
Du hues kaum ganz lues Kéieren, dat heescht, Ferrari ka säin Traktiounsvirdeel net esou ausspillen, wéi Beispillsweis zu Singapur. A wéi mer an der Schlussphas zu Singapur gesinn hunn, ass Red Bull bei Stop and Go esouguer nach capabel zouzeleeën.
De leschte Weekend huet et nach net geklappt, datt de Max Verstappen sech eng zweete Kéier d'Weltmeeschterkroun konnt opdoen. An der Garage vum Hollänner wäert een awer alles drusetzen, fir datt et dëse Sonndeg klappt, schliisslech kéint ee sengem Motofournisseur Honda, deen aus Japan kënnt, kee bessere Kaddo maachen, wéi e weidere WM-Titel bei sech doheem, ze schenken.
D'Qualifikatioun ass e Samschdeg de Moien um 8 Auer a gëtt dann och op Tëlee Lëtzebuerg um RTL ZWEE iwwerdroen. De Grand Prix e Sonndeg, mat eisem Virprogramm fänkt scho Moies um 6.30 Auer un.