Verstappen séchert sech Pole viru béide Ferrarien

© AFP
Um Samschdeg de Moie war de Qualifying vum grousse Präis vu Japan, bei deem den Verstappen déi séierste Ronn op de Parquet konnt bréngen.
Domadder start de Red-Bull-Pilot viru béide Ferrarie vum Leclerc an dem Sainz a sengem Teamkolleeg Perez. Dohannert kommen den Ocon (5), Hamilton (6), Alonso (7), Russell (8), Vettel (9) an Norris (10).
Net an de Q3 koumen de Ricciardo (11), Bottas (12), Tsunoda (13), Zhou (14) a Schumacher (15). Am Q1 goufe schonn den Albon (16), Gasly (17), Magnussen (18), Stroll (19) a Latifi (20) eliminéiert.
Wéinst enger geféierlecher Situatioun am Q3 tëscht dem Verstappen an dem Norris koumen no der Course d'Stewards esou wéi och béid Piloten a Vertrieder vun hiren Teams zesummen. Et gouf festgehalen, datt et e Fuerfeeler vum Verstappen war, well seng Pneuen nach net waarm waren, an datt den Hollänner seng éischt Verwarnung fir dës Saison wéinst dësem Tëschefall géif kréien. Un der Startopstellung wäert awer näischt verännert ginn.
Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.
FORMULA 1 HONDA JAPANESE GRAND PRIX 2022