Et war nees ganz naass um Formel-1-Circuit. Knapp zwou Stonnen huet d'Course misste wéinst dem Wieder ënnerbrach ginn.

Et war eng Start-Zil-Victoire, mat enger längerer Ënnerbriechung fir de Max Verstappen. Hien ass virum Charles Leclerc op Ferrari an dem Sergio Perez um zweete Red Bull iwwert d'Arrivée gefuer, ma wéinst enger Strof gouf de Leclerc kuerz no der Course vun 2 op 3 zeréckgesat. Duerch dës Strof krut de Monegass manner Punkten an den Hollänner am Déngscht vu Red Bull konnt säin zweete WM-Titel feieren.

De Resumé vun der Course

Bei reenregem Wieder sinn d'Piloten e Sonndeg de Moien um 7 Auer eiser Zäit un de Start gaangen. Vill Piloten hunn e Sonndeg de Moien op d'Intermediates gesat, wat awer net fir jiddereen de richtege Choix war. De Sainz hat d'Kontroll iwwert säi Won verluer a war direkt am éischten Tour eraus. De Albon hat an der selwechter Ronn säi Gefier wéinst engem Problem ofgestallt. Gasly, Zhou a Vettel hate sech zwar och gedréint respektiv Problemer, ma si konnten awer weiderfueren. No 3 Ronnen huet d'Renndirektioun decidéiert, de roude Fändel ze weisen an esou d'Course ze ënnerbriechen. Op déi éischt Rei gekuckt, hat de Leclerc wuel de bessere Start, ma duerch déi besser Linn konnt de Verstappen sech déi éischt Positioun nees an der éischter Kéier zeréckhuelen.

Ronn zwou Stonnen huet et du gedauert, bis d'Fans zu Suzuka d'Autoen nees op der Streck gesinn hunn. Et gouf een zweete Versuch, deen nach ronn 40 Minutten dauere sollt. No e puer Ronnen op de Reepneuen hunn déi meescht Piloten op d'Intermediates gewiesselt. Eenzeg de Schumacher hat dat net gemaach a gouf an de Ronnen dono am Feld duerchgereecht. Ganz un der Spëtzt hat sech nom Restart wéineg verännert, zwee grouss Dueller gouft et awer do hannendrun. Ëm d'Plaz zwee hu sech Leclerc a Perez duelléiert an ëm d'Plaz véier hu sech Ocon an Hamilton gestridden. A béide Fäll konnt net méi iwwerholl ginn, esou datt de Verstappen sech virum Leclerc a Perez konnt duerchsetzen. Op d'Plaze véier a fënnef kommen Ocon an Hamilton.

Déi zweete Plaz vum Leclerc gouf kuerz no der Arrivée annuléiert, nodeem de Monegass am Déngscht vu Ferrari kuerz viru Schluss ee Verbremser an doduerch am Duell mam Perez eng Kéier ofgekierzt hat. Hie krut eng 5-Sekonne-Strof, esou datt hien hannert de Perez op déi drëtte Plaz zeréckgefall ass. Dës Strof an de Punkteverloscht fir de Leclerc sinn dunn duergaangen, fir datt de Max Verstappen säi WM-Titel verdeedege konnt.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

Voll Punkten oder awer reduzéiert Punkten? An dobäi eng Strof: Punktechaos zu Suzuka

No 3 Ronne gouf ofgebrach an et goufen zum Schluss der nach e puer gefuer. Domadder koum een esou just iwwert d'Hallschent vun der Distanz, déi u sech fir dës Course ugesat war. Vill Experte sinn dovunner ausgaangen, datt et dowéinst net zu der voller Punktzuel kéint kommen, an doduerch wier de Max Verstappen sécher net Weltmeeschter ginn. Och d'Teams waren zum Deel laang där Meenung, well si wärend an och nach no der Course ëmmer nees verschidden Informatioune kruten. Ma et huet sech ëmmer méi erauskristalliséiert, datt d'Renndirekteren awer voll Punkte beim Japan-Grand-Prix géif verginn, wat dann och zum Schluss de Fall war.

En zweete Punkt, deen zum Punktechaos bäigedroen huet, war eng Sortie vum Ferrari-Pilot Charles Leclerc an de leschte Kéiere vun dësem Grousse Präis. Well hie sech domadder en Avantage vis-à-vis vum Sergio Perez, deen direkt hannert him war, verschaf huet, krut de Monegass eng 5-Sekonne-Strof an huet doduerch och déi zweete Plaz an der Course un de Perez verluer.

Duerch dëse Positiounswiessel an de Fakt, datt et awer voll Punkte gouf, gouf de Max Verstappen nodréiglech zum Weltmeeschter gekréint. Den Hollänner gouf dëst wärend den traditionellen Interviewen no der Course eréischt gewuer, nodeem hie schonn erkläert hat, datt hien traureg wier, net a Japan de Weltmeeschtertitel kënnen ze feieren.

FORMULA 1 HONDA JAPANESE GRAND PRIX 2022

Resultater Japan

D'WM-Wäertung

WM-Klassement

De Kalenner vun der Saison 2022

© RTL