Op Aston Martin a Red Bull waarde Strofen

© RTL-Grafik
Wéi eng Strofen op déi zwou Ecurië waarden, gëtt zu engem spéideren Zäitpunkt definéiert, heescht et am Rapport.
Nodeems d'FIA, déi international Automobilsportfederatioun, de Finanzrapport vun der Formel-1-Saison 2021 vun der leschter Woch e Mëttwoch op dëse Méindeg reportéiert huet, koum e Méindeg d'Nouvelle, dass d'Administratioun vum sougenannte "Cost-Cap" hir Aarbechten ofgeschloss huet.
Dem Rapport no hunn d'Ecurien Aston Martin a Red Bull d'lescht Saison géint d'Finanzreeglement verstouss. Aston Martin gëtt reprochéiert, dass d'Ecurie géint Finanzvirschrëfte verstouss huet. Red Bull, d'Ecurie vum aktuellen an neie Weltmeeschter Max Verstappen, huet de Budget nëmme geréng Iwwerschratt, deen d'lescht Saison bei 148,6 Milliounen Dollar louch.
Wéi eng Strofen op Aston Martin a Red Bull waarden, gëtt zu engem spéideren Zäitpunkt definéiert, heescht et am Rapport.
Och bei der Ecurie Williams gouf eng Iwwerschreidung konstatéiert, allerdéngs gouf fir d'Saison 2021 schonn eng Strof ausgeschwat. D'Traditiounsecurie hat eng Deadline net respektéiert an eng Strof vu 25.000 US-Dollar misse bezuelen.
Déi aner 7 Ecurië kruten en Zertifikat ausgestallt.