De Max Verstappen ass Formel-1-Weltmeeschter. Trotzdeem geet et beim GP zu Austin nach ëm vill.

4 Coursse viru Schluss ass de Max Verstappen scho Formel-1-Weltmeeschter. Den Hollänner konnt virun zwou Wochen zu Suzuka säin zweete WM-Titel hannertenee feieren. No der Arrivée gouf et allerdéngs nach e bësse Konfusioun mam Punktereglement. Um Enn war awer kloer, de Red-Bull-Pilot konnt säin Titel fréizäiteg verdeedegen. Lo geet et op Austin fir de Grousse Präis vun den USA.

Virschau Formel 1 USA / Reportage Rich Simon

Dëse Weekend gi 400.000 Spectateuren op der Streck am Texas erwaart. D'Formel 1 erlieft e richtege Boom déisäits dem Atlantik, dozou den RTL-Formel-1-Commentateur Serge Pauly:

Also nom Pneueskandal 2005 zu Indianapolis do war d'Formel 1 an den USA klinesch dout. En plus hat d'F1 et verpasst, mam Trend vun der Zäit ze goen. Ënnert dem Bernie Ecclestone, do hunn d'Teams emol keng Fotoen op Facebook dierfe posten. Dat huet den neien amerikanesche Proprietär Liberty Media geännert. D'Piloten notzen elo all déi sozial Plattformen. Si ginn doduerch méi populär, et si Stare fir unzepaken an dorop flippen d'Amerikaner einfach. An de Summum war dunn d'Netflix-Serie "Drive to survive", déi huet fir den absolutten Duerchbroch gesuergt.

De Max Verstappen reest als alen an neie Weltmeeschter op Austin. D'Formel-1-Welt ass sech u sech eens, mat 12 Victoiren an 18 Courssen ass de 25 Joer alen Hollänner dës Saison verdéngt Champion:

En huet déi ganz Saison dominéiert, och do wou hien net onbedéngt dee séiersten Auto hat, oder wou hie wéinst Strofe vu méi wäit hanne fortgefuer ass. En huet sech quasi keng Feeler erlaabt an en huet gewisen, datt hie méi räif ginn ass. Et ass net méi dee verspillten, aggressive Verstappen.

Bis et virun zwou Wochen zu Suzuka esou wäit war, huet et awer e puer Minutte gedauert. D'Reglement, wat d'Punkten ugeet, huet déi meescht, déi d'Kinneksklass am Automobilsport suivéieren, op d'mannst liicht irritéiert:

Jo fir unzefänken, krut de Charles Leclerc eng Strof an ass dunn eng Plaz zeréckgefall, an du goufen et och nach voll Punkten, obwuel d'Course net iwwert déi voll Distanz goung. Dat huet vill Leit iwwerrascht, well d'FIA hat ugekënnegt, datt no der ganzer Farce vu Spa d'lescht Joer, en Funktioun vun der gefuerener Distanz en neie Punktesystem agefouert géif ginn. Am Reglement steet awer, datt d'Punkten nëmme reduzéiert ginn, wa wéinst engem roude Fändel net fäerdeg gefuer ka ginn.

Och wann de Max Verstappen elo schonn als Weltmeeschter feststeet, esou bleiwen awer nach e puer Froe bis d'Enn vun der Saison ze klären, seet den RTL-Formel-1-Commentateur Serge Pauly:

Et bleift e spannenden Duell tëscht Leclerc a Perez, vläicht esouguer nach e 4-Kampf mat Sainz a Russell ëm de Vizechampionstitel, an da bleift och nach den Titel bei de Constructeuren, och wa Red Bull do schonn eng zimmlech grouss Avance huet, an och d'Fro wien de Vizechampionstitel kritt, Ferrari oder Mercedes, a wie gëtt 4. Alpine oder McLaren. An da kann de Verstappen och nach e puer Rekorde briechen. Zum Beispill déi meeschte Victoirë pro Saison oder déi gréissten Avance an der Tabell op den Zweeten.

Wien dann am Beschten iwwert de Circuit vun Austin, Texas, reit, weist sech dann e Sonndeg den Owend. D'lescht Saison war et de Max Verstappen op sengem Red Bull.

Op RTL kënnt Dir vun e Freideg den Owend bis e Sonndeg den Owend live mat dobäi sinn.