Konkurrente fuerdere stramm Strof fir Red Bull

© AFP
An der Formel 1 ass ee vun den Haaptsujeten aus de leschte Wochen de Budgetsdeckel gewiescht.
Red Bull soll iwwert der Grenz vun 148 Milliounen Dollar gewiescht sinn. D'Ecurie aus Eisträich wär just liicht driwwer. D'Konkurrente fuerderen awer stramm Strofen. Wat méiglech Strofen uginn, ass nach näischt gesprach. Hannert de Kulissen ass d'Ecurie vum Weltmeeschter Max Verstappen awer elo amgaangen, mat der FIA, der internationaler Automobilsportfederatioun, ze diskutéieren, ob d'Resultat vun deem Audit korrekt ass, dozou den RTL-Formel-1-Commentateur Serge Pauly:
Et geet, wat een esou verlauschtert, ënnert anerem ëm d'Paie vum Adrian Newey, wéi déi verbucht gëtt, well deen u sech Consultant ass, oder ass et awer en Employé vu Red Bull? Méiglech Strofen, déi am Raum stinn, ass, eng ëffentlech Ruge, d'Ofzéie vu Punkten, den Ausschloss vun enger oder méi Courssen, datt d'Testméiglechkeete reduzéiert ginn, also am Wandkanal oder datt de Budgetsdeckel fir déi nächst Saison reduzéiert gëtt. Ech mengen net, datt een un e WM-Titel vum Verstappen fréckele geet, mä d'Konkurrenz mécht awer scho seriö Lobbyaarbecht, datt Red Bull manner Suen däerf ausginn oder manner testen dierf.
Dat wär dann, fir datt en Exempel statuéiert gëtt, fir datt dat Ganzt mam Budgetsdeckel net ad absurdum gefouert gëtt.
Dëse Weekend ass de Grousse Präis vun den USA zu Austin an Texas. Op RTL kënnt Dir déi nächst Deeg wéi gewinnt live mat dobäi sinn.