Logan Sargeant Favorit op Williams-Cockpit

© AFP
Den Teamchef vu Williams huet op enger Pressekonferenz annoncéiert, datt den Amerikaner e Cockpit fir déi nächst Saison kritt.
De Logan Sargeant soll d'nächst Saison an der Formel 1 fueren. Dat huet den Teamchef vu Williams Jost Capito op enger Pressekonferenz vum Grousse Präis vun Amerika zu Austin annoncéiert. Den 21 Joer jonken Amerikaner soll un der Säit vum Alexander Albon fir d'Traditiounsecurie un den Depart goen, falls hien déi néideg Punkte fir seng Superlizenz kritt. Déi kéint hien an der leschter Course vun der Formel-2-Saison zu Abu Dhabi sammelen, wou hien aktuell mat 135 Punkten op der drëtter Plaz am Klassement steet.
Um Freideg am éischte Fräien Training vum Grousse Präis vun Amerika hat de Sargeant de Kanadier Nicolas Latifi ersat, deen de Cockpit fir d'nächst Saison wuel raume muss.