Bachelor-Aarbecht iwwer d'Formel 1Formel 1 tëscht Tëlee, Social Media a Streaming

Ben Schlammes
Wéi huet sech d'F1 fir de Fan an de leschte 15 Joer verännert? Dëser Fro geet de Ben Schlammes a senger Bacheloraarbecht op de Grond a brauch dofir Är Hëllef.
© AFP

Mat mëttlerweil méi wéi 750 Millioune Fans zielt d'Formel 1 zu de beléiftsten an am meeschte gekuckte Sportsevenementer weltwäit. Insgesamt sinn an de leschten dräi Joer méi wéi 50 Millioune Fans dobäikomm. Dës offiziell Zuele vun der Formel 1 weisen, wéi séier d'Rennserie um wuessen ass.

Dëse Wuesstem an Erfolleg si gekoppelt u verschidden Acteuren, Plattformen, Strategien an Trends, déi de Student fir Sportjournalismus Ben Schlammes a senger Ofschlossaarbecht analyséiere wëllt. Andeems Dir un dëser Ëmfro deelhuelt an dobäi maximal 12 Froe beäntwert, kënnt Dir äre wichtegen Deel zur Recherche bäidroen.

Zur ËMFRO

Dës Ëmfro gëtt am Kader vun enger Bacheloraarbecht duerchgefouert. RTL Lëtzebuerg ass net fir de Contenu vun de Froen, d'Duerchféiere vun der Ëmfro oder d'Auswäerte vun de Resultater responsabel.

Back to Top
CIM LOGO