Formel 1Hadjar tauscht Krankeschäin géint Aarbechtskontrakt

Serge Pauly
No enger onfräiwëlleger Paus feiert den Isack Hadjar dëse Weekend säi Comeback. Donieft gouf de Fransous als Red-Bull-Pilot fir 2027 confirméiert.
Den Isack Hadjar ass och 2027 dem Max Verstappen säin Teamkolleeg bei Red Bull Racing.
Den Isack Hadjar ass och 2027 dem Max Verstappen säin Teamkolleeg bei Red Bull Racing.
© Getty Images / Red Bull Content

Den Isack Hadjar hat sech an der Summerpaus beim Training um Handgelenk blesséiert an esou mat Zandvoort, Monza a Madrid dräi Weekender verpasst. Elo ass de Fransous erëm fit genuch fir zu Baku an de Red Bull ze klammen. Säin Ersatz Liam Lawson wiesselt domadder erëm zeréck a säi gewinnte Racing Bulls an de Yuki Tsunoda muss zeréck op d’Ersatzbänk.

Red Bull huet vun der Geleeënheet profitéiert, fir z’annoncéieren, dass den Isack Hadjar d’nächst Joer Teamkolleeg vum Max Verstappen bleift.

Den Teamchef Laurent Mekies lueft ausdrécklech déi gutt Leeschtunge vum Fransous: „Hien huet eis um an nieft dem Circuit iwwerzeegt, virun allem wann ee bedenkt, dass et eréischt seng zweete F1-Saison ass. Seng Verlängerung war eng einfach Decisioun. Vun Ufank un huet den Isack sech gutt an d’Team integréiert an huet all Minutt an der Fabrick verbruecht, fir den Auto zesumme mat den Ingenieure weiderzeentwéckelen. Hien ass ëmmer beméit, bäizeléieren a sech ze verbesseren. D’Zäit vu senger Verletzung war net einfach fir den Isack, mee mat eiser Verlängerung wëlle mir ënnersträichen, wéi vill mir un hie gleewen."

Back to Top
CIM LOGO