
Déi lescht Woche gouf et e bësse Konfusioun ronderëm d’Vertragsverlängerung vum Oliver Bearman, obwuel un de Leeschtunge vum jonke Britt keen Zweifel besteet. Am ënnerleeënen Haas hält hie sech daper op Tabelleplaz 13 an am direkte Verglach huet hie säi méi erfuerenen (a mëttlerweil geschassten) Teamkolleg Ocon deklasséiert: hien huet méi Punkte gesammelt (23-7), huet am Quali-Duell besser ofgeschnidden (13-5) an hat och déi besser Resultater an de Courssen (10-7).
Déi vertraglech Situatioun vum Oliver Bearman ass effektiv net einfach. Hien ass Member vun der Scuderia Ferrari Drivers Academy, huet also och ee Junior-Kontrakt mat deene Rouden. Esoulaang wéi Maranello kee Cockpit fir hien huet, gëtt hien als Ferrari-Junior bei Haas an d’Formatioun geschéckt. Déi lescht Woche gouf am Paddock driwwer spekuléiert, dass den Oliver Bearman ze vill Sue verlaange géif, respektiv dass hien op besser Ausstigsklausele bestoe géif fir de Fall, dass Ferrari him fir 2028 keng fest Plaz offréiere kann.
Egal wéi: elo goufen all d’Partnere sech eens. Den Oliver Bearman wäert och 2027 fir Haas un den Depart goen, an dat un der Säit vum brasilianeschen Newcomer Rafael Câmara. Domadder steet dat ganzt F1-Feld 2027. De Bearman war de leschte Kontrakt, deen nach net offiziell confirméiert war.

2027 wäert et net vill Changementer am F1-Feld ginn. 21 vun 22 Pilote bleiwe bei hire bekannten Ecurien. Och d’Wackelkandidate Liam Lawson (Racing Bulls) a Valtteri Bottas (Cadillac) kruten déi lescht Wochen hiren Aarbechtskontrakt fir d’nächst Saison. Den eenzege Wiessel ass effektiv bei Haas, wou de Fransous Esteban Ocon duerch de Brasilianer Rafael Câmara ersat gëtt, respektiv schonn ersat ginn ass.