Sonndesinterview mam Emma Goetz"Et ass een Dram, deen an Erfëllung gaangen ass"

Yannick Gross
D'Emma Goetz huet Lëtzebuerger Damme-Futtball-Geschicht geschriwwen. Si ass déi éischt Spillerin iwwerhaapt aus dem Grand-Duché, déi an der Dammen-Champions-League Spillminutte sammele konnt.
Emma Goetz
© GEORG HOCHMUTH/APA-Images via AFP

Den 12. an 19. November 2026, zwee Deeg déi d'Emma Goetz sécher ni méi vergiesse wäert. Fir d'éischte Kéier gouf d'Golkipperin beim 1:3 vun Austria Wien géint Benfica Lissabon an der Dammen-Champions-League agewiesselt, dat als éischt Lëtzebuergerin iwwerhaapt an där Competitioun. D'Austria-Nummer-1 Jasmin Pal hat kuerz virdrun déi rout Kaart gesinn.

Eng Woch dono stoung d'Emma Goetz géint Bayern München da souguer an der éischter Eelef vun hirer Ekipp. Dat si Lëtzebuerger, Damme-Futtball-Geschicht geschriwwen hätt, war der 20 Joer jonker Spillerin awer bis nom éischte Match géint Benfica net bewosst.

"Bei mir stoung de sportlechen Aspekt am Vierdergrond. Ech war mir dëst guer net bewosst dat dat mat der éischter Lëtzebuergerin géif nokommen. Ech war einfach immens frou, dass ech déi Méiglechkeet krut, wëll ech och als Nummer 2 am Gol net onbedéngt domadder gerechent hat. Dono och nach direkt ee ganze Match kënnen ze spillen, war natierlech extrem flott an ech sinn immens stolz. Dat dann déi ganz Opmierksamkeet no kënnt war nach ee klenge Bonus, mee de sportlechen Aspekt war natierlech méi wichteg. Ech sinn einfach frou, datt ech et gutt gemeeschtert hunn."

Zwar konnt d'Emma Goetz d'Defaite weder géint Benfica nach géint Bayern verhënneren, an och de Score war géint d'Münchenerinne mat 0:4 héich ausgefall, ze dinn hat dat awer virun allem mat der Stäerkt vum Géigner. De Fakt, datt d'Golkipperin als Kand Bayern-Supporter war, huet de Match dann och nach eng Kéier méi speziell gemaach.

"Et ass ee Match, deen ech ni vergiesse wäert. Ech war schonn als Kand ëmmer ee klenge Bayern-Fan an dat ech dann och eng Kéier an deem Kader géint si spille konnt, ass natierlech immens. Och d'Kuliss mat iwwer 9.000 Supporter, wat ee Rekord an Éisträich ass, hat ech esou net erwaart. Ech hat mam Schratt a Richtung Austria net domadder gerechent, dass ech dat eng Kéier géif erliewen. Et ass een Dram, deen an Erfëllung gaangen ass”

D'Emma Goetz schwätzt iwwer d'Erausfuerderung géint Bayern München ze spillen.

Aus dem Norde vum Grand-Duché an Éisträich

De Wee bis bei d'Austria war fir d'Emma Goetz awer ee mat e puer Tëschestatiounen. Ugefaangen, Futtball ze spillen, hat si scho fréi beim FF Norden 02. Dono war ënnert anerem och den SC Freiburg an Däitschland eng Statioun, ier d'Emma Goetz dann d'lescht Saison de Championnat an d'Coupe an hirer éischter Saison mat Austria Wien gewanne konnt. Eng Première an der Geschicht vum Veräin.

"Ech hu beim FF Norden 02 ugefaangen an ech sinn do ganz laang trei bliwwen, bis ech 15 Joer al war. Do kënnt dann de Punkt, wou ee wiessele muss an net méi däerf mat de Jongen zesummespillen. Dono sinn ech iwwer Metz bei Freiburg komm. Do hunn ech leider net esou vill gespillt, mee awer meng Minutten an der zweeter Ekipp gesammelt. Ech hat leider och mat enger Verletzung ze kämpfen an där Zäit. Iwwer Ëmweeër koum ech dono bei d'Austria an et ass elo meng zweet Saison hei."

© GEORG HOCHMUTH/APA-Images via AFP

D'Positioun am Gol war awer net ëmmer déi vun der aktueller zweeter Golkipperin vun Austria Wien. Als Kand huet d'Emma Goetz als éischt am Feld gespillt, ier dono de Wiessel op d'Positioun tëscht de Pottoe koum.

"Vu Klengem u war alles e Ball.", erzielt si iwwert hier éischt Beréierunge mam Futtball.

Éischt Schrëtt an der Nationalekipp

Niewent de verschiddene Statioune bei Veräiner zu Lëtzebuerg oder am Ausland, ass d'Emma Goetz och scho laang am Kader vun der Nationalekipp ënnerwee. Am Jugendberäich hat si e puer Altersklasse bei der FLF duerchlaaft.

"Ech war a villen Altersklassen an der Jugend bei der FLF mat dobäi. Et war fir mech ëmmer den héchste Stolz, mäi Land ze representéieren. Dat ass einfach ganz anescht wéi am Veräin. Och d'Wochen, déi een do enk als Ekipp zesummen ass, hunn ech schonn ëmmer immens flott fonnt."

Bei der éischter Ekipp war d'Emma Goetz elo schonn e puer mol am Kader mat dobäi. D'Golkipperin stoung awer och scho fir d'FLF-Dammen um Terrain. De leschten Optrëtt war de Match géint Montenegro am Oktober 2026. Och fir dës aktuell Lännermatch-Phas war d'Nationalspillerin nominéiert ginn, kuerz drop hat ee sech opgrond vu muskuläre Problemer awer dogéint entscheet. Esou ass d'Emma Goetz elo fir eng Paus zu Wien bliwwen.

D'Golkippesch schwätzt iwwert d'Bedeitung fir d'Nationalekipp ze spillen.

Studium an Zukunft

Nieft dem Sport ass d'Emma Goetz awer och nach mat engem Studium amgaangen. Si studéiert Psychologie, dat awer online.

"De Wee iwwer een Onlinestudium ass méi einfach, do huet ee keng Presenzpflicht. Duerch d'Nationalekipp hunn ech einfach oft Weeër zeréckzeleeën, wou ech Absencen hätt, déi net ëmmer méiglech wieren. Ech maachen dat awer immens gären an dat ergëtt sech sou gutt. Ech kann dat alles plangen, wéi ech am beschten Zäit fannen."

Wat d'Zukunft ubelaangt, wëll sech d'Nationalspillerin awer nach net ze vill Drock maachen, weder am Veräin, nach an der Nationalekipp. Et geet drëms, weider haart ze schaffen. Virun allem de Spaass soll der Golkippesch no, trotz sportlechem Drock, awer net verluer goen, ganz egal op d'Emma Goetz bei der Nationalekipp, bei Austria Wien oder, an Zukunft, bei engem anere Veräin am Gol stoe wäert.

D'Emma Goetz kuckt no vir an d'Zukunft.
Och den Dammen-Nationaltrainer Daniel Zirbes frëet sech fir d'Emma Goetz.

Back to Top
CIM LOGO