D'Formel-1-Fans hunn e Sonndeg de Moie Gedold musse weisen. Eigentlech sollt de Grand Prix vum Bahrain um 9 Auer gestart ginn. Dorausser war wéinst dem ville Reen op der Streck awer näischt ginn. Mat iwwer 90 Minutte Retard ass d'Course a Malaysia lancéiert ginn an no 55 Ronne war et den Hollänner Max Verstappen, deen d'Nues vir hat.
Hie gewënnt eng chaotesch Course virum Kimi Antonelli. Dräi Ronne viru Schluss huet den Hamilton sech nach Plaz 3 geséchert.
De Grousse Präis vum Bahrain gouf dëst Joer jo ausnamsweis a Malaysia gefuer an do huet et nawell zolidd gereent. Dowéinst huet den Depart mussen no hanne verréckelt ginn, well einfach ze vill Waasser op der Streck war. Bis 9:38 Auer ongeféier hat et gedauert, bis d'Autoen eraus op d'Streck gefuer si fir d'Formation Lap. Den Hadjar hat direkt eng kleng Sortie, konnt awer weiderfueren. D'Renndirektioun hat wësse gedoen, dass zwou Ronnen hannert dem Safety Car gefuer gi virum normale stoende Start.
Eng Partie Piloten hate mat technesche Problemer ze kämpfen, éier et iwwerhaapt lassgaangen ass. Souwuel Verstappen, wéi och Hamilton a Leclerc hu via Funk Problemer gemellt. Ausléiser dovunner war warscheinlech e falscht Signal, dat vun der FIA erausgeschéckt gouf. D'Startprozedur ass deementspriechend nees ënnerbrach ginn an et goung zeréck an d'Boxegaass. Nees huet et geheescht laang waarden. En neien Ulaf war du fir 10:33 Auer ugesat ginn. Well d'Streck an Tëschenzäit scho vill méi dréche war, ass de Pneuepoker lassgaangen. Verschiddener sinn op Intermediates erausgefuer, anerer op Soft-Slicks, nach anerer op Medium.
Mercedes ass am beschte gestart an den Antonelli huet sech un d'Spëtzt gesat, virum Russell an dem Verstappen. Déi mat Intermediates gestart sinn, hunn definitiv de beschte Choix gemaach a konnte sech ofsetzen. An der 6. Ronn konnt de Verstappen sech laanscht de Russell setzen op Plaz 2.
An der 10. Ronn sinn déi mat den Intermediates an d'Box gefuer fir op Slicks ze wiesselen, well de Bottas eng Sortie hat an de Safety Car op d'Streck geruff gouf. Et war grad och déi Phas, an där déi aner Pilote mat de Slicks änlech Zäite gefuer ware wéi déi mat den Intermediates.
D'Feld gouf also nees enk beienee bruecht an et gouf an der 13. Ronn nees Course gefuer. De Verstappen konnt sech fir säi schlechte Start virdru revanchéieren a sech un d'Spëtzt setzen, an och de Russell ass laanscht den Antonelli komm. Spéider konnt den Antonelli sech Plaz 2 awer zeréckkämpfen.
An der 43. Ronn ass den Albon ausgefall, wat mat engem virtuelle Safety Car verbonne war. De Verstappen ass an d'Box gefuer fir nei Pneuen, iwwerdeem den Antonelli dobausse bliwwen ass an d'Féierung kuerzfristeg iwwerholl huet, wéi nach 12 Ronnen ze fuere bloufen. Den Antonelli ass sech dunn awer och nach nei Pneue siche gaangen. An der 46. Minutt ass de richtege Safety Car op d'Streck komm an d'Feld gouf eng weider Kéier zesummebruecht mam Verstappen virum Antonelli, Russell, Hadjar, Hamilton a Leclerc. Den Alonso war deen Ament op Plaz 10 mam Aston Martin.
An der Ronn, an där de Safety Car nees erafuere sollt, ass de Russell mat techneschem Problem ausgefall an den Norris hat och eng kleng Sortie, konnt awer weiderfueren. Deen huet allerdéngs vill Plaze verluer.
An der 52. vu 55 Ronnen ass d'Course nach emol gestart ginn an de Verstappen konnt sech liicht ofsetzen.
Um Enn wënnt de Verstappen virun Antonelli an Hamilton. Den Alonso ass mam Aston Martin op Plaz 8 komm.