
Déi zwou leschte Coursse vun der Formel 1 Saison 2026 am Katar an zu Abu Dhabi wäerte wéi geplangt, trotz de Spannungen am Mëttleren Osten, gefuer ginn. Dat huet den FIA-President Mohammed bin Sulayem op de Soziale Medien annoncéiert.
Et wier ee prett fir béid Courssen an determinéiert, um Enn vun der Saison zwee aussergewéinlech Weekender ofzeliwweren, sou de bin Sulayem. Vun den Offizielle vun der Formel 1 gëtt et dozou nach keng Kommunikatioun.
Well béid Weltmeeschtertitele vergi sinn, haten eng Rei Pilote Bedenke geäussert, an d'Regioun ze reesen. Als alternative Circuit hat sech de Medien no Imola bereet gehalen. Och eng Partie Pressevertrieder iwwerleeë sech weider genee, hirer Leit a béid Länner ze schécken an decidéieren op Basis vun den Evenementer op der Plaz.
De Grousse Präis vu Saudi-Arabien war jo am Fréijoer annuléiert ginn, nodeems de Krich am Iran ausgebrach war. De Grand-Prix vum Bahrain war méi spéit a Malaysia gefuer ginn. Als Weltmeeschter stinn de Kimi Antonelli an d'Ecurie vu Mercedes fest.
Iwwerdeems huet d'FIA en Dënschdeg déi drëtt a lescht ADUO-Resultater vun der Saison annoncéiert. An dëser Period hunn d'Ënnerscheeder tëscht de verschiddene Motoren zwar evoluéiert, awer net esou vill, datt sech doduerch zousätzlech Homologatiounen erginn hätten. "Additional Development and Upgrade Opportunities" (ADUO) war dëst Joer an d'Reglement opgeholl ginn, fir de Constructeure vun de Motoren et z'erméiglechen, nozebesseren, wa si am Verglach zum beschte Motor zréck leien.