
Béid Piloten hätten iwwer déi ganz Saison e staarke Leeschtungsniveau gewisen. Dat deelt Racing Bulls an engem Communiqué mat. An Zuelen ausgedréckt steet d’Ecurie vu Faenza aktuell mat 114 Punkten op enger staarker fënnefter Plaz an der Constructeursweltmeeschterschaft. Nëmmen zweemol ass et der zweeter Red-Bull-Ecurie net gelongen, Punkten ze sammelen: zu Miami an zu Zandvoort.
Iwwer d’Hallschent vun dëse Punkte geet op de Kont vum Liam Lawson. Den Neiséilänner klasséiert sech dës Saison am Duerchschnëtt op der aachter Plaz a kënnt och an der Qualifikatioun meeschtens an d’Top 10. Domat huet de Lawson staark Argumenter geliwwert, fir och d’nächst Joer an der Formel 1 dobäi ze bleiwen: „Ech freeë mech immens, dass ech och d’nächst Joer hei fuere kann. Mir haten zesummen eng fantastesch Saison an d’Ekipp huet ganz haart geschafft, fir en Auto op d’Rieder ze stellen, dee séier ass an deen ech immens gär fueren. Mir bauen hei eppes ganz Positives op, an ech si gespaant, wat mir zesummen erreeche kënnen.“
Änlech positiv ass d’Bilanz vum Arvid Lindblad. De Pilot aus Groussbritannien hat et schonn a sengem éischte Grand Prix gepackt, Punkten ze sammelen. Och duerch seng konstant Leeschtungen a wéineg Feeler huet de Rookie op sech opmierksam gemaach. Fir den Teamchef Alan Permane war d’Decisioun domat wuel net méi schwéier: "Béid Piloten hu wärend der ganzer Saison hiert Kënnen an hiert Potenzial ënner Beweis gestallt. Mir konnte gesinn, wéi si sech souwuel individuell wéi och als Duo weiderentwéckelt hunn. Ech hu keen Zweiwel, dass dëst déi bescht Pilotekonstellatioun fir eis ass, well si eng staark Kombinatioun aus Erfarung an Ambitioun matbréngen. Zesummen hu mir eng zolidd Basis, op där mir opbaue kënnen, fir de Fortschrëtt vun dësem Joer weiderzeféieren, eis weider ze steigeren an 2027 den nächste Schrëtt ze maachen.“
Am Virfeld gouf et awer och eng Rei Rumeuren ëm d’Pilotebesetzung. Ëmmer nees war spekuléiert ginn, dass den Nikolas Tsolov ee vun deenen zwee Cockpitte kéint iwwerhuelen. De Bulgar muss sech also weider gedëllegen.