
An Zukunft spillt den 20 Joer ale Mëttelfeldspiller mat sengem Co-Equipier aus der Nationalekipp Mathias Olesen zesummen. Greuther Fürth léint den Aiman Dardari bis Enn der Saison vun Augsburg aus, huet sech awer keng Kafoptioun geséchert. Fir den FC Augsburg huet den talentéierten Offensiv-Spiller dës Saison 3 Matcher an der éischter däitscher Bundesliga gespillt.
Forméiert gouf den Aiman Dardari beim Daring Iechternach, der Victoria Rouspert an dem F91 Diddeleng. 2022 huet hien dunn de Schratt an d’Ausland an de Centre de Formation vum 1. FSV Mainz 05 gemaach. No engem hallwe Joer ouni Veräin huet hien dunn am August 2025 bei Augsburg ënnerschriwwen. Bis ewell huet den 20 Joer ale Mëttelfeldspiller 10 Matcher fir d’Rout Léiwe gespillt a konnt dobäi ee Gol markéieren.
Greuther Fürth steet no 17 Spilldeeg an der zweeter däitscher Bundesliga mat 15 Punkten op der zweetleschter Plaz an der Tabell. Fir den Optakt an d’Réckronn spillen d’"Kleeblätter” e Samschdeg auswäerts beim Tabelleleschten Dresden.