Europa LeagueAS Roum no Victoire géint Stuttgart mat gudde Chancen op d'Aachtelsfinall

Kevin Kayser
An der Europa League war den zweetleschte Spilldag vun der Ligaphas.
© CLAUDIO PASQUAZI/Anadolu via AFP

Eng 1:0-Victoire zu Istanbul géint Fenerbahce ass Aston Villa duergaangen, fir ee Spilldag viru Schluss sech mat 18 Punkten un der Spëtzt festzehalen a sech och direkt fir d’Aachtelsfinall, ouni den Ëmwee iwwer d’Playoffs, ze qualifizéieren. Änlech gesäit et bei Lyon aus, déi och 1:0 zu Bern konnte gewannen an och 18 Punkten hunn. Och Freiburg, knapp dohannert mat 17 Punkten, ass eng 1:0-Victoire géint Maccabi Tel Aviv duergaangen, fir sécher duerchzesinn.

An de Spéitmatcher gouf eng ganz spannend Partie ugepaff. Mat all Kéier 12 Punkte stounge sech den AS Roum a Stuttgart géintiwwer. De Gewënner vun dëser Partie hätt gutt Chancen, laanscht d’Playoffs ze kommen. Fir de Verléierer géif d’Welt zwar net ënnergoen, ma den direkten Duerschmarsch an d’Aachtelsfinall géif däitlech méi schwéier ginn. U sech war de Match zimmlech ausgeglach, ma Stuttgart huet net genuch aus hire Chance gemaach. Anescht dogéint d’Heemekipp, déi sech an der 40. Minutt duerch e Gol vum Pisill beloune konnt. Dono hunn d’Fans laang op e weidere Gol misste waarden, ma de Pisilli huet an der Nospillzäit vun der zweeter Hallschent säin zweete perséinleche Gol markéiert an op 2:0 gesat. Dëst war och d’Schlussresultat.

Eng ganz änlech Ausgangspositioun wéi Roum-Stuttgart gouf et an der Partie Braga géint Nottingham Forest, déi virun der Partie mat 13 respektiv 12 Punkten och nach gutt Chancen op déi direkt Qualifikatioun fir d’Aachtelsfinall haten. Braga hat iwwer déi ganz 90 Minutte gekuckt zwar méi Ballbesëtz, d’Englänner vun Nottingham Forest dofir awer déi besser Golchancen. Eng ganz gutt hate si no 53 Minutten, wéi si duerch de VAR en Eelefmeter kruten, deen de Gibbs-White dunn awer verschoss huet. An du koum bei Pech och nach keng Chance dobäi, well mol keng Minutt méi spéit trëfft de Ryan Yates dunn och nach an den eegene Gol. Amplaz vum Punkt 1:0 a Féierung ze goen, louch Nottingham Forest an der 54. Minutt duerch e Selbstgol 0:1 hannen. An der Schlussphas gouf et du méi hektesch an den Anderson vun Nottingham Forest huet missten wéinst onsportlechem Verhalen an der 95. Minutt an d’Dusch goen. E Gol ass awer kee méi gefall.

Braga steet no der Victoire mat 16 Punkten op der fënnefter Plaz an ass domadder sécher an den Aachtelsfinallen, ouni duerch d’Playoffs mussen ze goen. Den AS Roum steet knapp dohannert mat 15 Punkten, woumadder hinnen ee Punkt um leschte Spilldag duergeet, fir och d’Playoffs ze evitéieren. Stuttgart an Nottingham Forest stinn trotz den Néierlage sécher an de Playoffs. Reng rechneresch kéinte si och d’Aachtelsfinallen direkt erreechen, dofir misste béid hire leschte Match awer gewannen an all d’Ekippen, déi mat an der Course ëm déi verbleiwend Plazen an den Topp 8 sinn, verléieren. 12 Ekippe kämpfen um leschte Spilldag dann nach ëm sechs Plazen an de Playoffs an déi lescht sechs Ekippe komme sécher net méi weider.


All d’Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d’Resultater, d’Statistiken an d’Ekippe vun der Europa League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO