
An enger Rei internationale Championnater rullt de Ball de Wanter iwwer duerch. An England huet Aston Villa sech vun der Defaite géint Arsenal kuerz virum Joreswiessel erholl a klëmmt no enger 3:1-Victoire géint Nottingham virleefeg op déi zweet Tabelleplaz. Och de Leader Arsenal huet seng Aufgab géint Bournemouth gemeeschtert. Donieft ass Wolverhampton um 20. Spilldag déi éischt Victoire vun der Saison gelongen, dat mat engem 3:0-Succès géint West Ham.
A Spuenien ka Valencia no enger weiderer Defaite nach op dësem Weekend op eng Ofstigsplaz erofrutschen. Donieft huet den FC Barcelona dann nach mat 2:0 am Derby géint Espanyol gewonnen an domat wichteg Punkten als Tabelleleader gesammelt.
Aston Villa - Nottingham 3:1
1:0 Watkins (45+1'), 2:0 McGinn (49'), 2:1 Gibbs-White (61'), 3:1 McGinn (73')
Aston Villa ass mat enger 3:1-Victoire géint Nottingham virleefeg laanscht Manchester City op déi zweet Plaz gezunn. Am Match hat d’Lokalekipp laang gebraucht, bis géint eng disziplinéiert Defense vun Nottingham Chancen erausgespronge sinn. Kuerz virun der Paus war den Deckel dann op, dat no engem Gol vum Ollie Watkins, deen de Golkipp mat engem séiere Schoss aus der Dréiung liicht iwwerrascht huet. Direkt nom Säitewiessel konnt den John McGinn dann no engem schéinen Zesummespill op 2:0 erhéijen. Eng gutt hallef Stonn konnten d’Gäscht dann zwar op 1:2 verkierzen, ma dat sollt Aston Villa net aus der Spuer bréngen, déi mat engem weidere Gol vum John McGinn fir d’Decisioun gesuergt hunn.
Wolverhampton - West Ham 3:0
1:0 Arias (4'), 2:0 Hwang (31'), 3:0 Mané (41')
D’Tabelleschlussliicht huet et endlech gepackt. Am Match géint West Ham United huet sech Wolverhampton mat 3:0 duerchgesat an huet elo sechs Punkten um Kont stoen. D’Lokalekipp war direkt gutt an de Match gestart a louch no den éischte 45 Minutte scho mat 3:0 vir. Virum Gol ware si, anescht wéi bis elo, effektiv an hunn hir Chancë genotzt. Nom Säitewiessel hat West Ham dann zwar vill de Ball, konnt domat awer net wierklech eppes ufänken, sou datt et déi éischt Victoire vun der aktueller Saison fir d’Wolves gouf.
Bournemouth - Arsenal 2:3
1:0 Evanilson, 1:1 Gabriel (16'), 1:2 Rice (54'), 1:3 Rice (71'), 2:3 Kroupi (76')
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Premier League
Como - Udinese 1:0
1:0 da Cunha (18')
Juventus - Lecce 1:1
0:1 Banda (45+1'), 1:1 McKennie (49')
Atalanta - AS Roum 1:0
1:0 Scalvini (12')
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Serie A
Monaco - Lyon 1:3
0:1 Sulc (38'), 1:1 Coulibaly (45+4'), 1:2 Sulc (57'), 1:3 Abner (79')
Nice - Stroossbuerg 1:1
0:1 Panichelii (13'), 1:1 Wahi (54')
Lille - Rennes 0:2
0:1 Frankowski (49'), 0:2 Merlin (56')
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Ligue 1
Celta Vigo - Valencia 4:1
1:0 Iglesia (33'), 2:0 Iglesias (59'), 2:1 Pepelu (70'), 3:1 El-Abdellaoui (83'), 4:1 Alvarez (90+4')
Valencia ka sech weider net vun den Ofstigsplaze léisen. E Samschdeg gouf et bei Celta Vigo eng um Enn däitlech 1:4-Defaite. Fir d’Lokalekipp stoung no enger knapper Stonn eng 2:0-Féierung, op déi d’Gäscht vu Valencia da mam 1:2 duerch de Pepelu 20 Minutte viru Schluss nees e bësse Spannung erabruecht hunn. Zwee weider Goler fir d’Haushären an der Schlussphas sollten dann awer den Deckel drop maachen. Celta Vigo steet domat elo op der 7. Plaz an der Tabell, wärend Valencia nach op dësem Weekend op eng Ofstigsplaz erofrutsche kann.
Elche - Villarreal 1:3
0:1 Moleiro (7'), 0:2 Mikautadze (13'), 1:2 Neto (30'), 1:3 Pedraza (83')
Espanyol - FC Barcelona 0:2
0:1 Olmo (87'), 0:2 Lewandowski (90')
Den FC Barcelona huet sech duerch zwee spéit Goler am Derby géint Espanyol duerchgesat an domat wichteg Punkten un der Tabellespëtzt gesammelt. An den éischte 45 Minutten haten déi favoriséiert Gäscht kee gudde Match gewisen. Trotz 72 Prozent Ballbesëtz ass keng Gefor virum géigneresche Gol opkomm. No der Paus war dann d’Lokalekipp tëschenzäitlech duerch eng Rei gutt Chancen no um 1:0 drun. Mat engem prezise Schoss huet den Dani Olmo dann an der 87. Minutt fir d’Erléisung gesuergt. Mam 2:0 huet de Robert Lewandowski den Deckel drop gemaach.
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der La Liga