
A Frankräich wéi och an Italien gouf et mat den Dueller Auxerre géint de PSG an Inter Mailand géint Pisa e Match tëscht enger Ekipp, déi ganz uewe steet, an enger, déi déif am Keller vun der Liga hänkt. Am Hamburg-Derby an der Bundesliga stounge sech zwee Veräiner aus dem ënneschten Drëttel vun der Tabell géintiwwer.
Et ass net just en Nordduell an der Bundesliga, mä en direkten Hamburgduell. Um Millerntor huet St. Pauli et doheem mam grousse Stadkonkurrent HSV ze di kritt. D’Fans kruten an den éischte 45 Minutte keng grouss Golchance gebueden, eenzeg den HSV hat de Ball eng Kéier op de Gol kritt, dat awer ouni Problemer fir de Vailj am Gol vu Pauli. E ganz änleche Verlaf gouf et dann och an der zweeter Hallschent, do huet och d’Awiesselung vum Lëtzebuerger Danel Sinani an der 65. Minutt net vill geännert. Den HSV hat méi Ballbesëtz a Pauli méi Ofschlëss. Eppes zielbares koum dobäi fir keen eraus. Esou bleift et beim 0:0 an all Hamburger Veräin kritt ee Punkt an der Tabell guttgeschriwwen.
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Bundesliga
U sech ass den italieenesche Futtball fir hir staark Defense bekannt. Dat hat awer op dësem Freideg kengem de Spiller vun Inter Mailand an dem SC Pisa gesot. Well d’Fans kruten eleng schonn an den éischte 45 Minutte Goler um Stéck gebueden. Déi éischt zwee koumen iwwerraschend vun de Gäscht aus Pisa, déi um Wupp vun der Tabell ze fanne sinn. De Moreno hat si no 11 Minutten a Féierung bruecht an no 23 Minutte huet hie souguer op 2:0 gesat. Dat huet sech den Tabellenéischten aus Mailand awer net bidde gelooss. No 39 Minutten huet den Zielinski vum Punkt op 1:2 verkierzt, de Martinez huet an der 41 Minutt op 2:2 gestallt an den Esposito huet an der Nospillzäit vun der éischter Hallschent d’Partie gedréint. Mam Score vun 3:2 fir Inter goung et dann och an d’Paus. Nom Téi goufen d’Spectateuren dann net méi mat esou vill Goler verzaubert. et huet bis zu der 82. Minutt gedauert, bis d’Mailänner hir Avance op 4:2 ausbaue konnten. Den Dimarco hat fir si markéiert. Do war dunn och de Knuet nom Säitewiessel geplatzt, well kuerz drop huet den Bonny nach op 5:2 erhéicht. An der Nospillzäit huet dann och de Mkhitaryan nach dierften drun an huet d’Schlussresultat op 6:2 gesat.
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Serie A
A Frankräich hat den zweetleschten aus der Tabelle den AJ Auxerre de Leader PSG op Besuch. De Favorit ass wat d’Optrieden um Terrain ugeet senger Roll gerecht ginn, an huet vill no vir geschafft an hanne quasi näischt zougelooss. Auxerre huet awer mat Mann a Maus verdeedegt a konnt den 0:0 bis an déi 79. Minutt halen. Du war et de Moment vum Bradley Barcola, dee sech kuerz virum Strofraum en Häerz geholl huet an déi Paräisser mat 1:0 konnt a Féierung bréngen. Deen ee Gol sollt dem PSG dann och duergoen, dat awer och, well Auxerre net eng Kéier an der ganzer Partie op de Gol vun de Paräisser geschoss huet.
LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Ligue 1