Den Iwwerbléck vum internationale FuttballBayern eliminéiert Union Berlin, Real bleift u Barca drun

RTL Lëtzebuerg
Donieft huet an England de Leader Arsenal géint Brentford gewonnen. Inter Mailand konnt sech an der Coupe souverän géint Venedeg mam Seid Korac duerchsetzen.
Bayern München huet sech schwéier gedoen, um Enn awer géint Union Berlin gewonnen.
© AFP

An der 1/8-Finall vun der däitscher Coupe huet sech Bayern auswäerts bei Union Berlin zwar schwéier gedoen, um Enn konnt sech d’Ekipp vum Vincent Kompany 3:2 behaapten. D’Münchener waren duerch e Selbstgol vum Ansah an e Gol vum Kane no 24 Minutten 2:0 vir. D’Heemekipp ass awer drubliwwen a konnt an der 40. Minutt no engem Eelefmeter verkierzen. Bayern konnt an der Nospillzäit vun der 1. Hallschent nees vum engem Selbstgol, déi Kéier duerch de Leite, profitéieren an den 2-Goler-Virsprong war nees hiergestallt. Nom Säitewiessel gouf et op béide Säite gutt Geleeënheeten. No engem Feeler vum Kane am eegene Strofraum gouf et den 2. Eelefmeter fir Berlin. De Querfeld konnt och deen och verwandelen an op 2:3 verkierzen. Bis an déi lescht Minutten ass et enk bliwwen, de Favorit huet de Virsprong awer net méi hierginn. Bayern München huet sech fir d’Véierelsfinalle qualifizéiert.

An der Partie tëscht dem HSV aus der 1. an Holstein Kiel aus der 2. Liga gouf et déi eenzeg Iwwerraschung vum Owend. D’Spectateure kruten eng Verlängerung an en Eelefmeterschéissen ze gesinn. No 90 Minutten hat keng vu béiden Ekippe markéiert. Der Heemekipp ass duerch de Jatta an der 107. Minutt den éischte Gol gelongen. Zwou Minutte viru Schluss huet den Harres mat engem schéine Fräistouss ausgeglach. Déi Kieler haten am Eelefmeterschéissen déi besser Nerven an hu mat 4:2 gewonnen.

Am fréien Owend gouf et souverän Victoirë fir d’Favoritten. Stuttgart konnt sech 2:0 zu Bochum behaapten. D’Gäscht waren duerch e Selbstgol vum Strompf a Féierung gaangen. Dee selwechte Spiller vu Bochum krut kuerz virun der Paus déi rout Kaart gewisen. An Iwwerzuel hunn d’Gäscht d’Partie geréiert. Den Undav huet kuerz no der Paus fir d’Endresultat gesuergt.

Freiburg huet doheem duerch Goler vu Grifo an Höler 2:0 géint Darmstadt gewonnen.

Premier League

Arsenal huet sech géint Brentford 2:0 duerchgesat. De Merino hat fir d’Gunners fréi fir den 1:0 gesuergt. D’Heemekipp war déi besser Ekipp um Terrain, huet et awer verpasst de Sak mat engem weidere Gol fréizäiteg zouzemaachen. Duerch de knappe Virsprong blouf et spannend, mee Brentford sollt keng Chance notzen. De Saka konnt mam 2. Gol an der Nospillzäit vun der 2. Hallschent fir d’Entscheedung gesuergt.

Leeds huet Chelsea iwwerrascht a sech mat 3:1 behaapt. Bijol an Tanaka hate fir d'2:0-Pauseféierung gesuergt. Den Neto konnt nom Téi verkierzen, de Calvert-Lewin konnt op der anerer Säit awer den 3:1 markéieren. En 1:1-Remis gouf et tëscht Liverpool a Sunderland. D’Gäscht waren an der 67. Minutt 1:0 vir komm. Der Heemekipp ass 9 Minutte viru Schluss den Ausgläich gelongen. An der Tabell bleift Sunderland viru Liverpool.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der Premier League

Coppa d’Italia

An der italieenescher Coupe stoungen d’Aachtelsfinallen um Programm. Mam Seid Korac war och e Lëtzebuerger am Asaz. Bei der däitlecher 1:5-Defaite vu senger Ekipp Venedeg bei Inter Mailand stoung den Ofwierspiller de ganze Match um Terrain. Neapel hat méi Krämpes an huet sech réischt no Eelefmeterschéisse géint Cagliari behaapt a sech fir den nächsten Tour qualifizéiert. Atalanta Bergamo steet no engem souveräne 4:0-Erfolleg géint de FC Genua och an de Véierelsfinallen.

La Liga

Um 15. Spilldag konnt sech Real Madrid kloer mat 3:0 bei Athletic Bilbao duerchsetzen. Den Mbappé hat d’Gäscht fréi a Féierung bruecht. De Camavinga huet nach virun der Paus op 2:0 erhéicht. Bilbao konnt mam Favorit net mathalen an déi Kinneklech hunn an der 2. Hallschent hier Dominanz ënner Beweis gestallt. Den Mbappé konnt mat sengem zweete Gol vum Owend den Deckel op d’Partie drop maachen. An der Tabell bleift Real Madrid nom Succès u Barcelona drun, d’Ekipp vum Xabi Alonso huet weiderhin ee Punkt Réckstand.

LINK: D’Resultater, d’Tabell an d’Statistike vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO