Dobäi trieden net nëmme jonk Spiller géinteneen un, mee et si Leit vun allen Altersklasse mat dobäi. Veräiner aus dem ganze Land kommen all Joers op Rouspert fir dëse Spektakel matzeerliewen.
Déi siwente Kéier ass et schonn, datt de Kayser Cup zu Rouspert organiséiert gëtt. Zanter deem huet sech awer net vill verännert an de Grondgedanke vum Tournoi mat Banden ass den nämmlechte bliwwen.
“Speziell un dësem Tournoi ass, datt e mat Bande gespillt gëtt an et ass och den eenzegen Tournoi hei am Land an där Form. Dann erkläert sech och, datt mir esou ee risege Succès hunn. Mir hunn 2018 mat 67 Ekippen ugefaangen a mir hunn dat mat 126 Ekippe praktesch verduebelt.” Sou de Claude Osweiler, Member vum Team Kayer Cup.
Dobäi ass et wichteg ze soen, datt net nëmme Kanner, mee Ekippe mat Spiller aus allen Altersklasse matspille kennen, d’Matcher ginn dobäi a verschiddene Kategorien iwwer bal eng ganz Woch verdeelt gespillt.
“Mir fänke mat de ganz Klengen un an hale mat de ganz Alen op. Et gëtt ee Veteranen-Tournoi an ee Bambinis-Tournoi, deen ass e Sonndeg de Moien. Do spille mir awer ouni Resultat. Wat och nach wichteg ass ze soen, eis Dammen hunn och hei gespillt an et gëtt och ee Girlies Day, wou d’Meedercher kënne raschnuppere komme wa si nach kee Fussball gespillt hunn.”
Virun allem fir déi Jonk ass et awer eng speziell Geleeënheet, och eng Kéier virun engem méi grousse Public ze spillen, an och de Futsal als Sport kënnt gutt un. Dat verroden eis d’Kanner vum FC Victoria Rouspert vun der Plaz:
“Et ass richteg schéin hei ze spillen, et mécht mega vill Spaass mat de Banden an et ass cool géint aner Géigner ze spillen. Et ass eng risegen Éier hei virun de ganze Leit, bei den anere sinn och vill Leit mee wéi eis Maison Relais eis ufeiert ass gutt.”
“Hei sinn d’Rousperter, déi feiere richteg gutt un, net sou wéi déi aner (laacht) an dowéinst menge mir och, dass mir haut gewannen.”
An och de Lëtzebuerger Futsal insgesamt gëtt duerch Tournoien an Evenementer wei deen hei promouvéiert, dat gesäit een dorunner, wéi vill Ekippen all Joer matmaachen, sou de Claude Osweiler:
“Mir hunn hei d’Ekippen aus der ganzer Noperschaft, mee mir hunn awer och bspw. Käerjeng hei. Se kommen aus dem ganze Land. Mir hunn och ganz vill Veräiner aus Däitschland a bspw. dës Woch owes, wou ee geduecht hätt wéinst dem schlechte Wierder géife verschidden Ekippen net kommen, ware se awer alleguer hei. Dat ass eng riseg Reklamm.”
An och dëst Joer si vill Spectateure komm, fir hier Ekippen ze ënnerstëtzen an d’Atmosphär an der Hal zu Rouspert zu enger spezieller ze maachen an d’Ekippen um Terrain beschtméiglech ze ënnerstëtzen.