
De Vincent Thill huet beim SV Waldhof Mannheim. Dat huet de Veräin, deen aktuell op der néngter Plaz vun der drëtter däitscher Liga steet, e Méindegmoien offiziell op de soziale Medie confirméiert. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung fir d’Lescht an Aserbaidschan ënner Vertrag, wou hie vun 2023 bis 2025 fir Sabah FK gespillt huet. 2025 ass hie bei Zire FK gewiesselt. Hei huet hien awer verletzungsbedéngt kee Match gespillt an de Kontrakt gouf am Oktober zejoert nees opgeléist.
Bei Waldhof Mannheim wäert de Vincent Thill erëm ënnert dem Luc Holtz als Trainer spillen, ënnert deem hie jo och 53 Matcher an der Lëtzebuerger Nationalekipp gemaach huet.