Den Iwwerbléck vum internationale FuttballBarcelona dréint Match géint Villarreal, Juve klappt Venedeg

RTL Lëtzebuerg
Nodeems Barcelonamo 7 Minutten mat 0:2 a Réckstand louch, kann een de Match um Enn nach mat 3:2 gewannen.
Barcelona's Spanish defender #18 Gerard Martin celebrates scoring his team's first goal during the Spanish league football match between FC Barcelona and Villarreal CF at Camp Nou Stadium in Barcelona on November 22, 2026. (Photo by Josep LAGO / AFP)
De Gerard Martin huet seng Ekipp mat senge Uschlossgol zum 1:2 nees zeréck an de Match bruecht.
© AFP

Bundesliga

FC Augsburg - FSV Mainz (15:30)

Werder Bremen - HSV (17:30)

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Bundesliga

Premier League

Hull City - Brighton (15:00)

FC Liverpool - Manchester United (17:30)

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Premier League

Serie A

Juventus Turin - FC Venedeg 4:0
1:0 Woltemade (53'), 2:0 Koopmeiners (59'), 3:0 Cabal (65'), 4:0 Kolo Muani (71')

Juventus Turin setzt sech mat 4:0 géint Venedeg duerch a steet no 12 Spilldeeg bei 21 Punkten. Nodeems et a der Paus nach 0:0 tëscht béide Formatioune stoung, huet de Luciano Spalletti mat der Awiesslung vum Däitschen Nick Woltemade fir neie Schwong gesuergt. An sou war et dann och de Woltemade selwer, dee Juve an der 53. Minutt a Féierung geschoss huet. De Bann war gebrach, an bannent 18 Minutten huet d'Lokalekipp aus engem 0:0 ee 4:0 gemaach. Duerch eng däitlech besser zweet Hallschent gewënnt Juventus verdéngt mat 4:0 géint den Opsteiger vu Venedeg.

AC Mailand - Frosinone Calcio (18:00)

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Serie A

Ligue 1

FC Paris - SCO Angers (15:00)

FC Lorient - Stade Rennes (17:15)

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Ligue 1

La Liga

FC Barcelona - Villarreal 3:2
0:1 Buchanan (5'), Oluwaseyi (7'), 1:2 Martin (57'), 2:2 Fermin (61'), 3:2 Nacarro (Selbstgol, 67')

Villarreal ass perfekt an de Match gestart a louch no 7 Minutte mat 2:0 am Camp Nou a Féierung. Virun allem beim 1:0 hunn d'Gäscht vun engem schwéiere Feeler vum Fermin profitéiert. Barcelona ass an der Suite vum Match ugerannt, sollt virum Gol awer déi néideg Präzisioun vermesse loossen. An der 23. Minutt huet de Yamal dunn een Eelefmeter just un de Potto gesat, sou dass och nach Pech dobäi koum. An der Paus louch ee mat 0:2 a Réckstand.

Bannent 10 Minutten huet d'Ekipp vum Hansi Flick no der Paus de Match konnten dréinen an esou louch ee no 67 Minutten mat 3:2 a Féierung. D'Féierung sollt een dann och net méi aus der Hand ginn. Eng méi wéi verdéngte Victoire, wat och Statistik vun 30 zu 4 Schëss fir d'Lokalekipp beleet. An der Tabell steet Barca deemno weider 3 Punkten virum Real.

LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO