Successeur vum Dino ToppmöllerDen Albert Riera gëtt den neien Trainer vun Eintracht Frankfurt

Andy Brücker
Den 43 Joer ale Spuenier huet e Kontrakt bis de Summer 2028 ënnerschriwwen.
© ALES BENO/Anadolu via AFP

Den Albert Riera hat nach e Kontrakt beim sloweenesche Veräin NK Celje. Béid Veräiner si sech awer iwwert e Wiessel eens ginn. Wéi vill genee Frankfurt dofir huet mussen op den Dësch leeën, ass net offiziell bekannt.

E Sonndeg steet de Riera nach als Trainer vun Celje un der Säitelinn, éier hien e Méindeg dann zu Frankfurt a senger neier Roll ufänkt.

A Slowenien konnt de Spuenier zwee Mol d’Coupe gewannen an eemol de Championstitel, mat Celje, respektiv Olimpija Ljubljana.

Back to Top
CIM LOGO