Champions League LIVE op RTLDës Woch mat de Matcher Lille-Bayern an Arsenal-BVB

RTL Lëtzebuerg
Dës Woch gëtt de 5. Spilldag an der Ligaphas vun der Futtball-Champions-League gespillt.
© RTL-Grafik

Am internationale Futtball geet et no der Nations League dës Woch weider mat der Champions League. Um Programm steet de 5. Spilldag. Op RTL gi wéi gewinnt nees zwou Partien iwwerdroen. En Dënschdeg ass et de Match tëscht Lille an dem däitsche Rekordchampion Bayern München. An e Mëttwoch gëtt d'Partie Arsenal géint Dortmund iwwerdroen.

Kommentéiert ginn d'Partië wéi gewinnt vum Jeff Kettenmeyer an dem RTL-Expert Paul Philipp. D'Emissioun fänkt um 20:45 Auer un.

Back to Top
CIM LOGO