Bundesliga um FreidegDortmund gewënnt Borussen-Duell géint Gladbach

RTL Lëtzebuerg
De BVB setzt Leipzig ënner Drock an ass provisoresch Zweeten.
Dortmund's Guinean forward #09 Serhou Guirassy (L) and Moenchengladbach's Swiss defender #30 Nico Elvedi vie for the ball during the German first division Bundesliga football match between Borussia Dortmund and Borussia Moenchengladbach in Dortmund on December 19, 2025. (Photo by UWE KRAFT / AFP) / DFL REGULATIONS PROHIBIT ANY USE OF PHOTOGRAPHS AS IMAGE SEQUENCES AND/OR QUASI-VIDEO
© AFP

Borussia Dortmund bezwéngt d’Gäscht vu Gladbach 2:0 an ass provisoresch neien Tabellenzweeten hannert Bayern München. Fir Gladbach ass et déi éischt Auswäertsnéierlag no dräi Victoiren hannerteneen.

De Match hat immens gutt fir de BVB ugefaangen: No 10 Minutte stoung et schonn 1:0. De Julian Brandt konnt direkt déi éischt Chance fir d’Lokalekipp notzen. Dortmund hat uschléissend och nach eng Rei Chancen op den zweete Gol, mee koum net laanscht de Gladbacher Golkipp. Gladbach koum eréischt spéit an de Match, hat awer och e puer Chancen op den Ausgläich.

Déi zweet Hallschent hat och gutt fir déi Schwaarz-Giel ugefaangen, mee e Gol vum Guirassy gouf wéinst Abseits net unerkannt. Dortmund huet weider Drock gemaach, war awer virum Gol net zwéngend genuch. Well Dortmund vir de Ball net iwwer d’Linn gedréckt krut, blouf Gladbach am Match an hat eng grouss Chance op den Ausgläich. An der Nospillzäit konnt de Beier endlech den zweete Gol fir Dortmund markéieren, wat dann och d’Entscheedung war.

Back to Top
CIM LOGO