Champions League - PlayoffsËnner anerem mat Benfica-Real an dem franséischen Duell Monaco-PSG

Tom Hoffmann
D'Allersmatcher vun de Playoffs sinn den 18. Februar, de Retour ass déi Woch dono.
© JOHN THYS AFP 25112025

An der Mëttesstonn war zu Nyon den Tirage vun de Playoff-Matcher an der Champions League. Dortmund kritt et mat Atalanta Bergamo ze dinn, Leverkusen krut Olympiakos Piräus zougeloust ,a Real Madrid muss nach eemol géint Benfica Lissabon untrieden. Donieft kënnt et zu engem franséische Duell tëscht Paris Saint-Germain an der AS Monaco.

Hei alleguer d’Matcher am Iwwerbléck, déi den 18.02. an de 25.02. gespillt ginn:

  • Olympiakos – Leverkusen
  • Dortmund – Atalanta
  • SL Benfica – Real Madrid
  • Qarabağ – Newcastle
  • Bodø/Glimt – Inter
  • Club Brügge – Atlético Madrid
  • Monaco – Paris Saint-Germain
  • Galatasaray SK – Juventus Turin
Back to Top
CIM LOGO