
D’Futtball-EM vun den Dammen 2029 wäert an Däitschland gespillt ginn. Et wäert no 1989 an 2001 déi drëtte Kéier sinn, dass déi Däitsch dësen Tournoi wäerten organiséieren. 16 Natioune wäerten an 31 Matcher ëm den EM-Titel spillen. Aktuell Europameeschterinne sinn d’Englännerinnen.
Den DFB huet sech géint d’Demanden aus Polen, Schweden an Dänemark duerchgesat. Italien a Portugal hate sech tëschenzäitlech zréckgezunn. Kär vun der däitscher Kandidatur war d’Thema Visioun, dat sech am Slogan “Together WE rise” ausdréckt. Gespillt gi wäert a manner wéi véier Joer zu Dortmund, Düsseldorf, Frankfurt, Hannover, Köln, Leipzig, München a Wolfsburg.
Méintelaang hat den DFB sech agesat, fir déi néideg Stëmmen ze kréien, nodeems eng Demande fir d’Ausriichte vun der WM 2027, zesumme mat der Belsch an Holland, net vun Erfolleg gekréint war. Et gëtt sech erhofft, dass dësen Tournoi net méi subventionéiert muss ginn, an um Enn Gewënn maache wäert. No der leschter EM an der Schwäiz, déi e Succès war, stoung trotzdeem e Minus am zweestellege Milliouneberäich an de Bicher vun der UEFA. Däitschland wëllt de Problem mat méi grousse Stadionen opfänken.
Weider Tournoie sollen nokommen
Den DFB-President Bernd Neuendorf hat schonn am Virfeld vun der Ofstëmmung ugedeit, dass d’Fraen-EM 2029 net den eenzege grousse Futtballtournoi an Däitschland kéint bleiwen. Deemno géif an der däitscher Federatioun iwwert eng Kandidatur fir d’Männer-WM 2038 oder 2042 nogeduecht ginn.