
D'Laura Miller ass iwwerdeems am DFB-Pokal bei den Damme mat Nürnberg géint Frankfurt eraus geflunn. Den Iwwerbléck fannt dir an eiser Rubrik Lëtzebuerger Futtballer am Ausland.
Union Berlin - FC Köln 1:1
1:0 Haberer (10'), 1:1 Malek El Mala (79')
Nodeems Köln sech ënnert der Woch am DFB-Pokal 5:0 géint Union duerchsetze konnt, hat d'Lokalekipp e Sonndeg Méiglechkeet op Revanche. An engem schwaache Match, mat wéinege flotten Aktioune spille béid Ekippen 1:1-Gläich. Union hat wuel eng gutt Ufanksphase an där och den 1:0 sollt falen. An der Suite ass vu béiden Ekippen awer näischt ze gesi gewiescht. Eenzeg Union hat der 42. Minutt eng gutt Chance op den 2:0, de Schoss vum Burcu sollt awer un d'Lat goen. Aus dem Näischt huet an der 79. Minutt de Brudder vum Said, de Malek El Mala mat sengem 1. Gol an der Bundesliga den Ausgläich fir Köln konnte markéieren. De Match sollt dann och mam 1:1 Gläich op en Enn goen.
Eintracht Frankfurt - HSV 3:1
1:0 Omari (10'), 1:1 Moffi (14'), 2:1 Onyedika (47'), 3:1 Ebnoutalib (69')
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Bundesliga
FC Liverpool - FC Arsenal 0:1
0:1 Havertz (16')
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Premier League
Como 1907 - FC Venedig 1:0
1:0 Da Cunha (43')
Como huet sech géint den Tabelleleschten Venedeg schwéier gedoen. Trotz méi Ballbesëtz an der spillerescher Iwwerleeënheet war een virum Gol net konsequent genuch. An esou huet een Eelefmeter vum da Cunha an der 43. Minutt fir d'Entscheedung gesuergt. An deenen zweeten 45 Minutten sollt näischt nennenswäertes méi passéieren. D'Ekipp vum Cesc Fàbregas steet no 10. Spilldeeg op der 4. Plaz, 5 Punkten hannert dem Leader Lazio Roum, déi sech mat 2:1 géint Cagliari Calcio konnten duerchsetzen.
Lazio Roum - Cagliari Calcio 2:1
0:1 Nzola (20'), 1:1 Isaksen (36'), 2:1 Pinamonti (83')
An der 20. Minutt huet den Nzola d'Lokalekipp geschockt an d'Féierung fir Calcio markéiert. An engem relativ ausgeglachenem Match, bei deem Lazio wuel vill méi Ballbesëtz a Spillkontroll hat, hu si sech awer laang schwéier gedoen sech richteg gutt Chancen eraus ze spillen. D'Gäscht stoungen déif um eegenem Strofraum a sinn ëmmer nees geféierlech duerch Konteraktiounen ginn. Nodeems de Isaksen an der 36. Minutt de Match fir Lazio ausgläiche konnt, huet an laang dono ausgesinn wéi wann béid Ekippen mat engem Remis géifen heem goen. An der 83. Minutt sollt de Pinamonti awer dunn dach nach zouschloen a Lazio déi dräi Punkte sécheren. An der Tabell steet een 5 Punkten virum Inter op der 1. Plaz.
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Serie A
Racing Stroossbuerg - AJ Auxerre 5:1
1:0 Essugo (41'), 2:0 Godo (55'), 3:0 Harder (62'), 3:1 Archer (68'), 4:1 Yassine (77'), 5:1 Yassine (85')
FC Paris - Monaco 3 :1
1:0 Sinayoko (38'), 2:0 Sinayoko (44'), 2:1 Balogun (65'), 3:1 Pagis (74')
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der Ligue 1
Racing Santander - Real Madrid 0:3
0:1 Mbappe (11'), 0:2 Bellingham (21'), 0:3 Diomande (36')
Real Madrid gewënnt de 6 Match um Stéck a huet an der Tabell deemno weider 3 Punkte Réckstand op Barcelona. De Mbappe per Eelefmeter, eng flott Aktioun vum Bellingham an der 21. Minutt an en Dramgol vum Diomande si Real e Sonndeg den Owend duergaangen, fir de Match schonn an der 1. Hallschent fréizäiteg ze entscheeden.
LINK: D'Resultater, d'Tabell an d'Statistike vun der La Liga