
Am Futtball-Business geet et heiansdo séier. Schonn um drëtte Spilldag huet sech Borussia Mönchengladbach vu sengem Trainer Eugen Polanski getrennt. Dat no der 0:5-Néierlag e Samschdeg géint Freiburg. Iwwerraschend war dës Trennung awer net. Gladbach steet no dräi Spilldeeg mat null Punkten an 3:12 Goler do an deelt sech mat Hamburg déi lescht Plaz.
De Polanski hat d'Fohlen lescht Saison - och nom drëtte Spilldag - vu sengem Virgänger Gerardo Seoane fir d'éischt interimsméisseg iwwerholl a gouf duerno zum Cheftrainer befërdert. Am Mee hat ee sech drop verstännegt, mam laangjärege Gladbacher Spiller och an déi nei Saison ze goen. Bis an d'Lännermatchpaus iwwerhëlt de Co-Trainer Jan-Moritz Lichte d'Ekipp.
An der Ekipp schéngt d'Stëmmung och net déi bescht ze sinn, wéi en Interview vum Kapitän Tim Kleindienst no der Néierlag géint Elversberg um zweete Spilldag weist. Mam Tiago Pereira Cardoso steet och e Lëtzebuerger Nationalspiller bei Gladbach ënner Vertrag. Hien ass am Moment awer un e belsche Veräin ausgeléint. Dëse Prêt schéngt awer réckgängeg gemaach ze ginn.